Um Site, wou an dräi Wochen de Food For Your Senses iwwer d'Bühn geet, sti momentan just eng ganz Rëtsch Schëffscontaineren, an deene Material stockéiert ass. Zwou jonk Frae sinn am Gaange mam Heel e Gruef duerch de Bulli ze kappen, fir datt d'Waasser kann oflafen.
Am Ganze si 15 Leit um Site am Gaangen ze bauen, ze raumen, ze plangen. Dat wier eng normal Equipe fir dës sougenannt Hummeraktiounen, erkläert d'Nina. Wat de Festival méi no kënnt, wat ëmmer méi Fräiwëlleger sech géife bedeelegen. Déi ganz Crew besteet aus 30-40 Leit, während dem Festival wiisst d'Equipe op 110 Benevoller.
De Charme vum Festival
De Mett ass ee vun de Käpp vum Food For Your Senses. Hien ass vun Ufank un dobäi. Hien ass souzesoen den Designer vum Festival, këmmert sech ëm déi visuell Identitéit, den Internetsite, de Merchandising a sou weider. Awer hien ass och fir d'Logistik responsabel.
"Ech kucken, datt mir dat richtegt Material zur richteger Zäit op där richteger Plaz hunn." Dee gréissten Deel vun de Saachen um Site géife si selwer bauen, seet de Mett. "Dat mécht och e groussen Deel vum Charme vum Festival aus.
E puer Meter méi wäit ass eng Equipe vu sechs jonke Männer am Gaangen aus Brieder a Staangen e Bar opzeriichten. E Plang hu si net, seet den Tom. Et soll praktesch sinn a funktionéieren, an et géif ofhänke vum Material, wat disponibel wier. "An da ka jiddweree seng Iddi abréngen, an da baue mir dat iergendwéi op, spontan, wéi et funktionéiert."
Geliefte Basisdemokratie
D'Aarbecht um Site leeft ganz koordinéiert of. Jiddweree schéngt genee ze wëssen, wat en ze maachen huet, ouni datt ee Kommandoe gëtt. "Et gi vill Aarbechtsgruppe gemaach, déi fir den Opbau, fir den Ofbau, fir d'Elektresch, fir d'Securitéit, fir de Marketing ... ", erkläert d'Sophie. Déi Gruppe géifen dann autonom schaffen.
"Ech mengen et funktionéiert och einfach, well sou divers Leit do sinn", seet de Philippe. Zum Beispill géif et och en Affekot ginn, dee Kontrakter opstellt, an eng Equipe, déi sech ëm de Bezuelsystem bekëmmert.
De Philippe war, wéi déi meescht vun der Equipe, dacks als Spectateur op de Festival komm, éier hien decidéiert huet fir sech aktiv un der Organisatioun ze bedeelegen. Hiert Visiteurshäerz wier traureg, datt et no dëser Editioun eriwwer ass, seet d'Noémie.
Och d'Nina huet gemëschte Gefiller. Engersäits freet si sech, well et nach eng Kéier e Festival gëtt, awer si wier och traureg "well et scho Spaass mécht, an dann denks de ah nee, fir d'leschte Kéier, dat ass bëssen haart. Mee bon ..."
Alleguer si si sech eens, datt et schéin a wäertvoll Erfarunge waren an dëser Equipe ze schaffen an zesummen eppes opzebauen. "Wahrscheinlech gëtt et kee méi, mee da maache mir aner Saachen", seet den Tom a gräift nom Akkuschrauwer.