Radioen

On air

Kultur um 5  |  Le Vibe - Desert Rush

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Frësch an ongefiltert

Wire - Mind Hive

Frësch an ongefiltert

Den Debut-Album vun der Londoner Band Wire koum 1977 eraus. "Pink Flag" huet deemools gewisen, datt déi minimalistesch Strukture vum Punk nach fir aner Saache gëeegent si wéi Matsang-Hymnen a knaschteg Riffs.

auto_stories

3 min

E bësse wéi zu där Zäit och Joy Division, zitt d'Band déi verschiddensten Niveaue vun Energie a Stëmmungen aus engem autodidakteschen Usaz. Wire huet iwwer d'Joren op enger Hellewull vu Placken de Genre mat- a weiderentwéckelt a vill Stréimunge vun New Wave iwwer Emo-Rock bis Alternative mat beaflosst. 2017, also zu hirem 40 Bandjubiläum. koum hir lescht Plack "Silver/Lead" eraus.

No e puer Joer Paus bréngen déi mëttlerweil Mëtt 60 Joer al fréier Punks, déi haut léiwer am schwaarzen Hiem hir Concerte spillen, leschte Freideg eng Iwwerraschung eraus.

Gittaren a Poesie

"Mind Hive" - E Schwarm vu Consciencen, titelen si hire 17. Studioalbum an acquittéiere sech domat schonn emol hirer post-punkeger Flicht op Sozialcommentaire. D'Zesummesetze vun eisen individuelle Consciencen zu engem gemeinsamen, technesch mediéierte Ganzen ass de lyreschen Tenor vun der Plack, an d'Adjektiv ass net falsch un der Plaz.

Well och wa mer et hei ëmmer nach mat Gittarerock ze dinn hunn, Poesie entsteet méi wéi eemol an dëse Songs. D'Energie vun hirer Jugend hu Wire net verluer, mee haut ass d'Maturitéit hir Geheimwaff am Dschungel vun den Iddien, deem si ni aus dem Wee gaange sinn.

"We've seen the future and we're interested", kéint een et resuméieren.

Musikalesch kennt ee Wire minimalistesch, onorthodox a rau. Alles dat si si och 44 Joer no hirer Grënnung nach, a wat och ëmmer d'Band opkacht, gëtt frësch an ongefiltert zerwéiert.

Eng musikalesch Rees

Dës Plack hei fält mat ongewinnt villen Hooks op an hëlt den Nolauschterer zimmlech natierlech mat op d'Rees. Dat heescht net, datt ee poppeg wier, well Songstrukturen a Riffs sinn hei Ausdrocksmëttel Nummer eent, an de Refrain brauch hei néierens eng Scheierpaart, wann et dann ee gëtt. Et ass wéi wa Wire ee fir allemol wéilte weisen, datt een den Nolauschterer och kann ouni langweileg Formalismen accrochéieren.

Op der Single "Cactussed" héiert een, a wéi eng Richtung et geet. Einfach, emotional Punk-Songs a Mineur, gespickt mat e puer verdreemte Gittarplagen a ganz wäit vir, d'Stëmm vum Sänger Colin Newman. Déi liicht onorthodox Produktioun ass vun der Band selwer signéiert, léisst d'Gittaren an d'Batterie verwëscht hanne schwammen a setzt op Fuzz a Synthien.

Songs wéi "Primed and Ready" dierften och Heavy Metal-Lauschterer uspriechen, mat hirer liicht däischterer Imminenz.

Vill Wotleches kënnt a leschter Zäit am Rockberäich eraus, wat bei der grousser Zuel vu Bands a Kënschtler net verwonnert. Datt et grad e puer Mëtt 60-jähreger vu virgëschter sinn, déi e bësse Courage zur Intensitéit beweisen, ass schéin.

Henry Rollins, Minutemen, Sonic Youth, vill Helde vun der rezenter Rockmusek zitéiere Wire als Afloss. A grad dee vitale Pop-Punk, dee si op dëser Plack maachen, weist all hir musikalesch Nokommen an d'Schranken. Do wou anerer mat vill Schnickschnack a Konzept probéieren, hire Sound auszebauen, bleiwe Wire zougänglech, gefillsecht an op de Punkt. Wie Loscht op eng Handvoll onvergiesslech Gittarriffen huet dëse Wanter, dee sollt sech Wire op hirem neie Mueren net entgoe loossen. Wie weess, wéi séier mer erëm eng Kéier eng gutt Punkplack an der Post hunn.