Melbourne ka stolz op seng Musekszeen sinn. Eng Stad aus där déi düster Balladë vum Nick Cave kommen, grad wéi verschléngelt Jazz-Soul Kompositioune vun Hiatus Coyote oder och Laneous. D'Indie Zeen huet sech an der Lescht och bemierkbar gemaach. D'Courtney Barnett an d'Jen Cloher kommen allebéid vu Melbourne. An deen neisten Indie-Export nennt sech Gena Rose Bruce. Eng jonk Musekerin, déi elo e staarke Break-Up Album erausbruecht huet. En Debut, dee wéinst den ënnerdriwwenen Arrangementer an der organescher Produktioun an d'A fält.
De Verglach mat den amerikanesche Singer-Songwriterinnen Angel Olsen an Hope Sandoval ass evident. D'Gene Rose Bruce séngt mat enger ähnlecher Nonchalance a Maturitéit. Um éischten Track ginn hirem fréiere Freier seng Konschten am Bett sënnlech ausgeluecht. "The way you make love is a Talent". Den Album schéngt en emotionellen Zäitpunkt an hirem Liewe festzehalen. D'Gena Rose Bruce séngt iwwer eng Bezéiung, déi an d'Bréch geet. Alt erëm eng Plack, déi vun Trauer a Roserei gefiddert gouf. An deem Sënn ass "Can't Make You Love Me" e klassescht katharescht Wierk. Wat déi Kéier erausstécht ass déi verwäsche Mëschung vun diversen Aflëss; Britpop à la Stone Roses, äerdege Rock'n'Roll, simpele Country. Dat Ganzt mat enger Indie Sensibilitéit verschafft.
Am Studio gouf spartanesch an dezent hantéiert. Déi banal Gittar-Gesang-Konstrukter goufen ënner anerem unhand vun analoge Synthien a ronnem Bass opgepeppt. Mat am Studio ware Kolleege vun der australescher Indie Band Jade Imagine, déi dëse Freideg iwwregens och eng nei Plack erausbréngt.
"Can't Make You Love Me" gëtt op alle Fall vu Gittare gedriwwen. Mol duuss gezupft oder mam Plektrum eckeg ugeschloen. Déi divers Instrumenter blubberen, zischen a knuspere ganz agreabel am Hannergrond.
Der Gena Rose Bruce hiren Debut ass en ënnerdriwwent Wierk, op deem simpel Lidderstrukture mat den néidegen Texture verfeinert goufen. Onschëllege jugendleche Häerzwéi ginn den Toun un. Et gëtt awer net laang ëm de Bräi geschwat. D'Ëmsetzung ass op hirer éischter Plack erfrëschend direkt. D'Gena Rose Bruce ass méi wéi eng australesch Versioun vun der Angel Olsen.