Radioen

On air

Notturno  |  Alice Coltrane - Blue Nile

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Geschicht vun enger Redecouverte

Klassik-CD vun der Woch

Geschicht vun enger Redecouverte

Mir sinn an den 20er Joren, déi dacks als déi gëlle Jore verkläert ginn. Nom Éischte Weltkrich a just virun der grousser Weltwirtschaftskris mécht sech eng gewëss Insousiance breet, d'Loscht, d'Liewen ze genéissen an Neies auszeprobéieren. Dat gëllt och fir d'Musek, wou ee probéiert vun deenen tradéierte Formen a Kläng fortzekommen.

auto_stories

3 min

Interpretatioun
Klangqualitéit

Orchestre national d'Île-de-France
Rex Lawson, Pianola
Enrique Mazzola, Direktioun

Darius Milhaud: La Bien-Aimée
Igor Straviinsky: L'oiseau de feu

Label: NoMadMusic NMM051


A Frankräich mécht dat de Groupe des Six, Komponisten, deenen hir Fantasie keng Grenze kennt. Ee vun hinnen ass den Darius Milhaud. 1928 ass d'Uropféierung vu sengem Ballet "La Bien-Aimée", an deem e mechanesche Piano matmécht. Deselwechten Owend huet och dem Ravel säin "Boléro" Premiére. De "Boléro" ass haut ee Klassik-Hit, "La Bien-Aimée" war ganz an de Vergiess geroden a gouf elo erëm entdeckt.

Paräis an den 20er Joren

Hanner dëser CD-Produktioun stécht eng ganz Entdeckungsgeschicht, déi knapp a knackeg am Bichelchen erkläert gëtt. Den Ustouss war eng Visite vum Dirigent Enrique Mazzola beim Rex Lawson - een äifrege Sammler vu Museksrouleaue fir mechanesch Pianoen. Lues a lues ass e gemeinsame Projet entstane mat Musek, déi eis mathëlt an déi wibbeleg Paräisser Zeen am Ufank vum 20. Joerhonnert.

Et ass eng Zäit, an där vill experimentéiert gouf: nei Formen, nei Kläng, nei Ausdrocksméiglechkeeten, Zesummekomme vu Musek, Choreographie a Molerei. Et war awer och eng Zäit, an där vläicht net alles ganz eescht geholl gouf, wou la bonne humeur an ee gudde Schotz Ironie op der Dagesuerdnung waren. Alles dat fënnt sech am Ballet "La Bien-Aimée" vum Darius Milhaud, déi exquisit Redecouverte op dësem neien Disk. De Milhaud huet ronderëm Musek vu Schubert a Liszt eng ur-romantesch Balletszeenerie brodéiert, déi een hei mat vill Genoss entdecke kann.

Den Orchestre national d'Île-de-France huet ee schéine ronnen, waarmen a sensibele Klang, deem et ni u Faarwen an un Ausstralung feelt. A grad dat brauch dem Milhaud seng Partitur, déi hir kräfteg a vital Amenter lieft, virun allem awer vun engem humoristesch-ironeschen Ënnertoun lieft.

A grad déi vill subtil Clin d'oeile bréngt den Enrique Mazzola op de Punkt eraus, ouni allerdéngs mat der Scheierpaart ze wénken. Et ass wéi an enger gudde Comédie, bei där virun allem den Timing muss stëmmen, fir datt d'Pointe sëtzt.

Mäerche-Charakter

Dem Igor Strawinsky sengem "Oiseau de feux", dat zweet Wierk um Disk, hätt par contre vläicht eng Grëtz méi Scheierpaart, eng Grëtz méi Profil a méi Kanten net geschuet. De Mazzola kuckt d'Saach virun allem aus der Optik vum Mäerchen, léist ganz rhetoresch spille mat éischter gefilterte Klangfaarwen an ënnersträicht dat rhythmescht Element, dat virun allem am Stravinsky senger Musek strukturell ni däerf ënnerschat ginn.