Radioen

On air

Resonanzen  |  Will Marion Cook

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Go By Brooks: No um Waasser gebaut

Musek vu Lëtzebuerg

Go By Brooks: No um Waasser gebaut

D'Lëtzebuerger Formatioun "Go by Brooks" bréngt een neien Album eraus. Si erklären, wou si hir Inspiratioun hirhuelen, a firwat si frou mat Waasser sinn. Lauschtert een exklusiven akustesche Set.

auto_stories

3 min

De Nicolas Palumbo an d'Laetitia Koener vu "Go By Brooks"

Ronn annerhalleft Joer nodeems "Go by Brooks" hir éischt CD mam Numm "Rivers" erausbruecht hunn, kënnt elo den Album "Oceans" op de Marché. An deenen zwee Titelen, mee och am Bandnumm selwer spillt d'Waasser eng Roll. An dat wier keen Zoufall erzielt d'Leadsängerin Laetitia Koener. "Brook" bedeit Baach. De Bandnumm baséiert op engem Gedicht vum Schrëftsteller a Sänger Leonard Cohan, vun deem si e grousse Fan ass.

"Am Gedicht geet et vun der Baach iwwer op 'Rivers' an duerno op 'Oceans'. Unhand vun dësen Etappen am Gedicht soll d'Evolutioun vun der Band gewise ginn", erzielt d'Laetitia Koener. De Leonhard Cohan wier fir d'Newcomerband eng grouss Inspiratiounsquell, betount och de Sänger a Gittarist Nicolas Palumbo. "Deen huet iwwer esou vill Saache geschriwwen, dat mécht eis ganz glécklech."

Kontrast an der Musek

"Go By Brooks" ass nach eng jonk Band an huet sech 2013 op Initiativ vun der Laetitia Koener forméiert. "Viru puer Joer hunn ech just Gittar gespillt a Lidder geschriwwen, vun deenen ech ni geduecht hätt, datt si emol géife gesong ginn." Fir datt dat awer geschitt, huet si de Band-Projet lancéiert. De Nicolas Palumbo huet hir gehollef, déi passend Bandmemberen ze fannen. Selwer bei "Go By Brooks" derbäi ass hien awer eréischt zanter 2015.

D'Formatioun mat der Léift zum Waasser huet sech de passende Logo erausgesicht: Eng Libell. Déi géing der Formatioun hir Musek gutt erëmspigelen, fënnt d'Leadsängerin. "Eng Libell wierkt zerbriechlech, mee et ass awer ee geféierlecht Déier. Si kritt 95 Prozent vun hirer Proie gefaangen. Dat spigelt de Kontrast erëm, deen een och an eiser Musek fënnt."

Méi rockeg

Hir Musek hätt sech awer zanter deem éischten Album verännert, verroden d'Bandmemberen. "Oceans" wier méi rockeg wéi "Rivers". Bei der éischter CD hätt eleng d'Laetitia Koerner d'Texter geschriwwen an d'Musek komponéiert. Dës Kéier huet de Nicolas Palumbo hir bei der Kompositioun gehollef, erzielt de Gittarist. "D'Realisatioun war eng Zesummenaarbecht."

De Nicolas Palumbo wënscht sech, datt d'Band als nächste Projet eng Akustik-Sessioun ophëlt. Mat akusteschen amplaz mat elektresche Gittaren ze spillen, dat wier méi intim an authentesch. Dofir spillt de Museker och am léifste live. Am Studio kéint een tricksen, op der Bühn géif dat awer net goen. Och d'Laetitia Koener spillt gäre live fir d'Reaktioune vun de Leit kënnen ze gesinn. "Am Studio awer léiert een, sech op seng Musek ze konzentréieren."

Vill Ënnerstëtzung

Vun der Lëtzebuerger Musekszeen huet déi jonk Band, déi och scho mam US-Museker Eric Martin op der Bühn stoung, ee positivt Bild. "Et ass schéin ze gesinn, wat zu Lëtzebuerg an deene leschten zéng Joer geschitt ass", fënnt de Nicolas Palumbo. Lëtzebuerg hätt eng grouss musikalesch Offer, vill Concerten a Musekfestivaler ze bidden. Et géif ee gutt ënnerstëtzt ginn, an et kéint een op ville Plazen optrieden, gëtt him seng Bandkollegin Recht.

Mee Lëtzebuerger Museker kéinte méi dacks am Radio gespillt gi, fënnt d'Laetitia Koener. "Et si sou vill gutt Gruppen am Land, dat kéint een de Leit méi dacks presentéieren."


Fir den Interview hunn déi zwee Museker d'Gittar agepaakt an zwee Lidder aus hirem neien Album "Oceans" presentéiert.

"Go By Brooks" unpluggedplay_arrow

E Samschdeg, de 17. September ass d'Release-Party vun "Oceans" um 19:30 an der Escher Kulturfabrik.


Hei den Titelsong vun der CD: "Pheonix":