Radioen

On air

Notturno  |  Aamar - Home

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Götz Alsmann/WDR Bigband: "Winterwunderwelten"

Album vun der Woch

Götz Alsmann/WDR Bigband: "Winterwunderwelten"

Déi verswingte Chrëschtlidder mat vollen a fette Kläng vun der WDR Big Band sinn ideal fir ëm d'Chrëschtzäit doheem mat Besuch ze lauschtere respektiv fir an d'Chrëschtdagsstëmmung anzeklammen.

auto_stories

4 min

Götz Alsmann (Foto: WDR/Ines Kaiser)

Wien emol de WDR op der Telé kuckt, huet bestëmmt schonn den Entertainer Götz Alsmann als Allround-Kënschtler gesinn mat senger Emissioun “Zimmer frei”. Dee mam Grimmer-Präis a mat der Goldenen Stimmgabel ausgezeechente Museker ass wuel an den däitsche Medien net ze verpassen an zemools am Easy listening Jazz Genre. Och um Radiossender WDR4 huet hien säi Public begeeschtert mat verschiddene Musekssendungen, mat engem aussergewéinleche Konzept vu Pop, Jazz an ale Schlageren.

Mee de Götz Alsmann ass net just en Entertainer. Selwer trëtt hien als Sänger op, beispillsweis mat der weltklasse WDR Big Band. Um Album “Winterwunderwelt” vun 2006 huet de Museker mam weltwäit renomméiertsten Ensembel eng immens Kombinatioun geschaf vu bekannte Chrëschtmelodien op Bigband Sound mat Swing.

Verféierung an eng jazzeg verschneite Landschaft

En Album, deen eis richteg entfouert huet a verschneite Wanterlandschaften a festlech dekoréiert Wunnzëmmeren. En Album, dee sech als perfekte Begleeder fir d’Chrëschtzäit doheem mam Besuch erwisen a fir Stëmmung gesuergt huet.

Mee domat net genuch. Mat “Winterwunderwelt. Volumen 2” weider mat den zweefachen ECHO-Präis Gewënner Götz Alsmann an der WDR Big Band, bréngen d’Kënschtler et eng zweete Kéier fäerdeg, eis zu enger jazzeg verschneiter Landschaft z’entféieren. Chrëschtdagsklassiker mat Swing oder einfach als Ballade, mee ëmmer de volle Klang vun der Big Band: e Genoss. Dëse “Winterwunderwelt. Volumen 2” koum 2005 eraus fir de Wanter, mat Titele wéi “Zwei Spuren im Schnee”, “Fröhliche Weihnachten überall”, “Warm im Dezember” an déi méi bekannten “O du fröhliche”, asw.

Coffret mat Live-Matschnëtt

Dëst Joer kënnen se et och net loossen. Net nëmmen een neien Album koum eraus, mee direkt eng CD-Box mam “Winterwunderwelten Volumen 1 + 2” plus nach eng drëtt CD, ee Live-Matschnëtt. Dëse quasi Volumen 3 huet de Pianist, Sänger an Entertainer a senger gewinnter charmant a humorvoller Aart fir dës Chrëschtzäit passend zesummegemëscht.

An och wann d’Melodie wéi “Schnee von gestern” erschéngen, sinn d’Arrangementer zesumme mat der WDR Big Band mat héchster Qualitéit mat vill Gefill a Léift geschriwwen. Um Volumen 3 Live fanne mer Titele wéi: “Die Frau von Nikolaus”, “Morgen - Kinder, wird’s was geben”, “Viele bunte Päckchen”, oder Klassiker wéi den “O Tannenbaum”, wéi gesot alles Live.

An iwweregens: Den 20. Dezember 2016 ass de Götz Alsmann mat der WDR Big Band mam Konzept “Winterwunderwelt Live” an der Kölner Philharmonie ze héieren an ze gesinn. D’Release vun der CD Box mat den dräi Albume war de 4. November 2016. Wien Amateur vum Genre ass, ka sech op dës Sammlung freeën.