Radioen

On air

Notturno  |  Van Morrison - Astral Weeks

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Grell, faarweg a frou

Neien Album vum Beck

Grell, faarweg a frou

Mat sengem 13. Studioalbum léisst den US-amerikanesche Museker Beck seng seriö Oder aus dem Spill. "Colors" ass eng sonneg, glënnereg Pop-Plack, déi virun allem eppes mécht: Spaass. Den Album ass de Freiden erauskomm, frësch aus der Press an e passt bei dat sonnegt Wieder dobaussen.

auto_stories

4 min

De Beck Hansen, Auteur vum Welthit "Loser" aus dem Joer 1994, huet eng 25-järeg Carrière voll vun Alben hannert sech, déi Pop-Exploratioun a postmodern Ironie mat zolitter a stëmmeger Musek verbannen. Mir erënneren eis vläicht u "Midnite Vultures", eng modern Funk-Plack mat onwidderstéilechem Charme oder verschidde Roots-, Hip Hop- a Folk-Exploratiounen an deene leschte Joren.

Donieft huet de Beck Hansen Placke fir anerer produzéiert an dat mat vill Gefill a groussem Erfolleg: Charlotte Gainsbourg a Stephen Malkmus, fir der nëmmen zwee ze nennen.

"Colors" ass eng spontan Iwwerraschung

Seng lescht Solo-Plack "Morning Phase," déi 2014 erauskoum, huet dobäi mat Sécherheet en Héichpunkt markéiert. Zeréckgeholl, an engem kloren, elegante Folk-Stil gehalen a mat Referenzen op säin eegenen Album "Sea Change," dee vum Radiohead-Producer Nigel Godrich opgeholl gouf. Donieft hëlt "Morning Phase" och Bezuch op Simon and Garfunkel, d'Byrds an den Neil Young. De Musekwebsite Pitchfork hat deemools geschriwwen, "Morning Phase" géif kléngen, wéi wann de Rebell ufänkt, flichtbewosst mam Bläistëft bannent de Borden ze bleiwen. Den Album huet dat Joer dräi Grammys gewonnen: An de Kategorien bescht produzéierten Album, beschte Rock-Album a beschten Album.

No "Morning Phase", dee roueg, erwuessenen an iergendwéi zen-aarteg onbetraff kléngt, ass "Colors" eng spontan Iwwerraschung. Direkt beim éischten Track, dee gläichzäiteg ganz klassesch als Titeltrack opgesat ass, kommen engem honnerte Facette vu blénkegem Discokugel-Pop an d'Ouer geschoss. Dat Ganzt mat enger schmasseger, elektronesch verzerrter Panflütte als Leadinstrument.

"Hei kann näischt däi Pleséier stéieren"

De Beck ass also erof vum héije Päerd. Hie schéngt de Besoin ze hunn, de seriöen, talentéierten, gediedegten an etabléierte Musikus ganz hannert sech ze loossen. Hei geet et em Spaass. Den zweeten Track "7th Heaven" zementéiert dann, wat deen éischte virausgesi gelooss huet: Stëmmharmonie, wéi am 80er Jore Pop an ee Vibe deen un den Easy Listening-Indie vu Phoenix erënnert - grell, faarweg a frou. Den Hip Hop vermëscht sech mat haarde Wall-of-Sound Guitaren à la Pixies oder Nirvana am drëtten Track "I'm So Free".

Den Text an de Flow sinn esou gutt, dass een hei esou richteg an den Album eraklamme kann, mat engem Vertrauen an enger Gläichgëltegkeet, mat där ee soss géif un eng Jamiroquai-Plack erugoen. Am Sënn, hei kann näischt däi Pleséier stéieren.

Gutt esou, well et ass mat dëser Attitüd - fräi vun Erwaardungen, déi héich an der Luucht fléien - déi engem weist, datt hei awer méi ënnert der Iwwerfläch duerschimmert, wéi just eng exzellent Pop-Plack: Eng exzellent Pop-Plack mat Charakter, nämlech.

De Pop-Traiteur

Hei ass dann och de Virwëtz opkomm, wien des "ohh ohh ohh" esou poppeg Plack da kënnt produzéiert hunn. "Dreams," eng vun den Advance Singles vun der Plack, ass nämlech esou matrappend-agängeg, datt do "Hit" a grousse Buschtawen drop geschriwwe steet. D'Äntwert op d'Fro vum Produzent steet natierlech am Booklet: Greg Kurstin. Dee Mann, dee fir de gréisste Pop-Schinken am nach neien 21. Joerhonnert zoustänneg ass: dem Adele säin "Hello".

Weider Beispiller aus der Lëscht vum Mr. Kurstin senger Success Story: Lilly Allen, Sia, Kelly Clarkson, The Shins a Pink. Wann de Beck net grad um Titel "Wow" - deen de lidderegste White Boy Hip Hop Flow, deen ee sech ka virstellen huet - am gaange wier, ee schlaue Reim op Jiujitsu ze maachen, da géif ech jo stänkeren. Mä et huet alles kee Wäert.

Wéi gemaach fir d'Radiowellen

"Colors" vum Beck ass virun allem eppes: FUN. Einfach ze lauschteren, zäitgenëssesch, intelligent a wéi gemaach fir d'Radiowellen. Ass dat schlëmm, oder souguer verwerflech?

Wie sech ni gewënscht huet, och an deene méi liichte musikalesche Momenter op d'mannst mat intelligente, verstanene Clichéen ënnerhalen ze ginn, wéi vu schlecht exploitéierte Banalitéiten, deen däerf den éischte Stee geheien. Wann Dir fir dat schéint Hierschtwieder awer ee klenge "Pick me up" kënnt gebrauchen, da wäert dem Beck säi "Colors" vläicht nach zu Ärem Frënd ginn.