Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hannah Ida mat neiem Sound

East of Eden feat. Florian Van Kooy

Hannah Ida mat neiem Sound

Hannah Ida, dat ass de Projet vun der jonker Songwriterin Hannah Grevis. Virun engem gudde Joer huet hir eenzegaarteg Stëmm d'Zeen zu Lëtzebuerg oplauschtere gedoen a virwëtzeg gemaach.

auto_stories

1 min

Déi büneschei Lidderschreiwerin huet de Confinement net nëmmen als Qual empfonnt, well en huet hir och vill Musek inspiréiert.

Op hirer neier Single "East of Eden" schafft si mat engem Kandheetskolleeg zesummen a verbënnt ee Sample Beat mat einfache Gittars-, Pianos- a Synthesizerlinnen zu engem lëftege Ganzen.

Iwwer Relatiounen an hirer ganzer Diversitéit handelt de Song, zu deem d'Hanna Grevis, de Kapp vum Projet, am Gespréich mam Marc Clement nach méi ze erziele weess.