Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Feist - One Evening

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hans Zimmer Live on Tour

Musek

Hans Zimmer Live on Tour

Eng "once in a lifetime"-Experienz: de Concert an der Rockhal mam Hans Zimmer, dee momentan erfollegräichste Filmmusekkomponist vun Hollywood. D'Nathalie Bender war beim éischte vun dräi Concerten dobäi.

auto_stories

6 min

Hans Zimmer

E Concert vun de Superlativen, sou den Androck vun der 100,7-Journalistin. Et ass net nëmmen déi éischte Kéier, datt an der Rockhal dräi Deeg hannerteneen d'Bud komplett ausverkaaft ass - wann dëse Méindeg den Owend eriwwer ass, dann hu méi wéi 8.100 Leit dëse Concert gesinn. Et ass och déi éischte Kéier iwwerhaapt, datt den Hans Zimmer op Tournée geet.

De renomméiertste Filmmusekkomponist vun eiser Zäit ass zënter iwwer 30 Joer zu Hollywood aktiv an huet Filmmusek fir méi wéi 150 Filmer komponéiert: Rain Man, Driving Miss Daisy, Pirates of the Carribean, Interstellar, Spiderman, Batman, Gladiator, The Thin Red Line, Crimson Tide, The Da Vinci Code, Man of Steel...

An der Schoul gedreemt an ze vill Froe gestallt

E war souguer éischter mëssuecht vu senge Schoulmeeschteren, dee klengen Hans Zimmer, wou hien an Däitschland nach an d'Schoul goung. Aachtmol ass en an Däitschland vun der Schoul geflunn, an eemol an England – well, sou den Hans Zimmer virun der Lëtzebuerger Press, hien ëmmer nëmme gedreemt an ze vill Froe gestallt huet. “Wa se nëmmen ee Millimeter lénks geduecht hätten, hätten d’Schoulmeeschtere gemierkt, aus mir géif eppes ginn”.

Hie wollt einfach net a feste Schinne virgetrëppelt Pied goen, mee säin eegene Wee maachen. Wéi mer haut wëssen, ass et ëm gelongen. Och well hien am englesche Schoulsystem d'Méiglechkeet kritt huet dat ze maache wat hie wollt: Musek.

Op elektronesch Musek, also och Synthesizer, ass den Hans Zimmer fréi gestouss. Säi Papp war Wëssenschaftler,dacks ass de Bouf an de Papp säi Labo gaangen an huet mam Material, dat e fonnt huet, komesch, ongewinnt Geräischer produzéiert. Gläichzäiteg huet seng Mamm hien all Woch eemol mat an e klassesche Concert oder an d'Oper geholl. D'Fusioun tëschent der klassescher Musek an neien Téin ass am Hans Zimmer sengem Kapp huet ganz natierlech zu sengem Liewe gehéiert.

"Mir wollten eis eege Sprooch"

Den Hans Zimmer ass als 13 oder 14 Joer ale Jong op London komm, deemno ëm 1970, zu enger Zäit wou an Däitschland eng ganz lieweg Szen vun elektronescher Musek aktiv war an déi weltwäiten Afloss krut: Kraftwerk, Tangerine Dream “Amerikanesch Musék baséiert um Blues, an Europa haten d’Rolling Stones, d’Yardbirds oder Led Zeppelin dat scho gemaach. Mir wollten eis eege Sprooch”, sou den Zimmer. Et wier een deemno zeréck bei déi klassesch, harmonesch Musek gaangen.

Den Zimmer seet vu sech, datt hien an Tëschenzäit a senger Mammesprooch Däitsch en amerikaneschen Akzent huet, awer wann hie Musik schreift ëmmer en europäeschen Akzent wäert behalen. “Eisen Job ass et, esou e komesche Spigel virun d’Amerikaner ze stelle fir datt se hiert Land nei entdecken.” Virun der Musek fir Filmer hat den Hans Zimmer Jinglë fir Radioreklamme komponéiert. Méiglecherweis e gudde Wee fir direkt op de Punkt ze kommen an d'Opmierksamkeet mat der Musek ze fänken...

Lauschtert dem Nathalie Bender seng Andréck vum Concert e Sonndeg den Owend an der Rockhal: