Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hildegard - Hildegard

Album vun der Woch

Hildegard - Hildegard

Mat "Hildegard" hu sech zwou faszinéierend Musekerinnen zu enger nach méi faszinéierender Hybridfigur verstréckt. Déi franséisch-quebecquois Kollaboratioun tëscht dem Helena Deland an dem Ouri sicht, fënnt a mécht d'Grenze vum elektronesche Pop dem Äerdbuedem gläich.

auto_stories

4 min

"Ech schwätzen a menge Lidder gären dat un, wat a menge perséinleche Bezéiunge mat anere Leit ongesot bleift, als eng Aart Ventil", sot déi jonk kanadesch Songwriterin Helena Deland 2018 dem Magazin Words and Music.

Wa sech eng Songwriterin an eng Beatmakerin treffen...

Do hat si grad hir fënneft EP erausbruecht, an enger Serie ënner dem Titel Altogether Unaccompanied. Mat drop de Song "Claudion", eng déif elektronesch Pop-Meditatioun, déi een hellhéiereg gi gelooss huet.

Et war d'Fruucht vun enger laanger Experimentatiounsphas, wou sech net wéi op EP Nummer 1 d'akustesch Gittar, mee den elektroneschen Instrumentarium als hir haaptmusikalesch Expressioun erausgeschielt huet.

Déi zweet Halschend vun Hildegard nennt sech Ouri, eng Beatmakerin. Zanter hirer EP "Maze" am Joer 2015 kennt ee si fir angulär, liicht veronsécherend Produktiounen, déi esou frësch a verspillt dohierkomme wéi och hei an do aggressiv - d'MIA kënnt engem als eenzeg méiglech Referenz an de Kapp. D'Cellistin an Harfistin weess, wéi een een Technotrack mécht, deen d'Blutt an den Odere méi schnell lafen deet, an huet een esouwuel eegenen, wéi och selbstbewosste Stil ze bidden.

An aacht Deeg zum gemeinsamen Debut

No enger Renconter zu Montreal hu sech Deland an Ouri eng Studiosessioun vun aacht Deeg gebucht. Jour 1 bis Jour 8, déi 8 Tracks op hirem gemeinsamen Debut als Hildegard, sinn dat direkt, am Moment verfaangent Resultat vun dëser Sessioun, a maachen hiren Erfinderinnen all Eier. D'Deland séngt bis op engem Track de Lead, der Ouri hir etheresch Aphorisme sinn op all Track present - mol als Landschaftsmolerei, mol als eng Aart psychologesch Géigestëmm, mol als Zuchpäerd.

D'Alchimie vun deenen zwou kreative Stëmme materialiséiert d'Hildegard - eng Figur, dir hutt et erroden, déi hire Virnumm bei der Hildegard vo Bingen ausléint, eng visionär Wëssenschaftlerin, Musekerin a Mystikerin aus dem 12. Joerhonnert, och nach d'Sybil vum Rhein genannt.

"Ech hunn dës Visioun ëmmer a menger Séil gesinn, och bis haut wou ech méi wéi siwwenzeg Joer al sinn. An dëser Visioun ass meng Séil, wéi Gott et wëll, héich erop an Himmelszelt geklommen a verdeelt sech am verännerten Himmel ënner verschiddene Vëlker, obwuel si wäit ewech vu mir sinn a wäite Länner a Plazen. A well ech si esou a menger Séil gesinn, am Aklang mat der Verrécklung vu Wolleken an aneren erschaffte Saachen, héieren ech se net mat mengen äusseren Oueren, erkenne se net duerch d'Gedanke vu mengem eegenen Häerz oder duerch eng Kombinatioun vu menge fënnef Sënner, mee a menger Séil eleng, wärend meng baussen Aen op sinn" hat d'Hildegard dem Guibert vu Gemboux an engem ondatéierte Bréif iwwer hir liewenslaang Visioune geschriwwen.

Produktioun vun héchster Klass

Zumindest eent dat anert schéngen déi zwou Protagonistinne vun Hildegard sech esou ze erspieren, an och d'Welt ronderëm. Den Nolauschterer empfënnt d'Resultat als visionär.

Rhythmesch a melodesch Effervescence verbannen sech an engem urbanem, R&B-typéierte Songwriting, ëmspullt vu Séilelandschaften aus verfriemte Stëmmen an niwwelege Studioeffekter. D'Produktioun, vun deenen zwou Damme selwer assuréiert, ass vun héchster Klass a kombinéiert Harfekläng mat donnerndem Synthbass wéi wa se zesummen aus engem organesche Kierper komme géifen. D'Plack adresséiert Theemen a Gefiller, déi vu Roserei um Opener bis zu Hoffnung an Extase op Jour 4 goe kënnen.

Wärend Nummer 3 als Meditatioun iwwer d'Einsamkeet ufänkt an als Lobgesang un d'Masturbatioun zu Enn geet. D'Songs maache kloer, datt all dës Gefiller, déi d'Liewe vu bannen undreiwen, nëmmen duerch d'Presenz vun engem anere Form kréien. Dëse Message, nee dës Demonstratioun vu géigesäiteger Dependance, baut sech an all hire Schattéierungen op an of, a forméiert de Kär vun Hildegard hirem Debut.

Ech an Aner maachen hir Grenzen esou liichtduerchlässeg, datt eppes Drëttes entstoe kann - eng Fantasie, eng Visioun, villäicht och Angscht an Ofleenung. Dobäi ass Hildegard esou sensuell wéi och spirituell, esou héich perséinlech wéi och déif politesch. Mat "Hildegard" hunn sech zwou faszinéierend Musekerinnen zu enger nach méi faszinéierender Hybridfigur verstréckt, an doen all Stréck vibréiere wéi e Filament vun der Existenz selwer.