Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Tracy Chapman - Born To Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Meng Lidder sinn anescht"

Hildegard Knef - Knef

"Meng Lidder sinn anescht"

Am Februar 1970 heeschen déi däitschsproocheg Hitparade-Stiermer Roy Black, Heintje oder Peter Alexander. Matten an dës Zockerwelt platzt d'Hildegard Knef eran. Mat Chanson. A mat engem Album, dee just hire Familljennumm dréit.

auto_stories

5 min

Wa gesonge gëtt, da gëtt nawell gär matgeklatscht. Bei eisem däitschen Noper. Enfin, si mir éierlech - och bei eis. Ech géif esouguer soen: vläicht op nach e puer Plaze soss enzwousch. Just: bei der Knef hire Lidder ass et ganz schwéier fir matzeklatschen, meeschtens esouguer onméiglech. Dat selwecht gëllt fir d'Matsangen. Héchstens mol de Refrain ... dee vun de roude Rousen. Dir erënnert Iech bestëmmt: "Für Mich soll's rote Rosen regnen", hiren Hit, 1968. Mee soss? Am Fong ass si selwer och net esou terribel an deem Exercice Sangen. Wéi sot d'Jazzdiva Ella Fitzgerald iwwer si: "déi gréisst Sängerin ouni Stëmm".

Texter, déi aus der Rei falen

Zouginn: de Repertoire passt bei si. Chanson. Dësen net-gebändegte Wonsch aus dem simplistesche Schlager auszebriechen, e Stack doriwwer ze stoen. Net ze schunkelen, mee nozelauschteren. Eng Grëtz méi usprochsvoll Texter proposéieren, heiansdo och Titelen, op déi ee mol komme muss. Op "Knef' zum Beispill, den Opener: "Wieviele Menschen waren glücklich, dass du gelebt?" Eng duerchaus berechtegt Fro, mee wie stellt déi schonn? Oder d'Reflexioun am Lidd "Schwertfisch": "Der Mensch bekommt nichts gesagt, weil er das Falsche fragt".

An dann och den zweeten Titel, dee jiddweree vun der Knef esou kennt, dee mam Tapetenwechsel. Eng Bierk - jo, e Bam! - deen net méi mat sech an der Welt zefridden ass an no Anerem sicht, deen eraus aus dem Bësch geet ... a schlussendlech als Komoud endegt, als Miwwelstéck - an da mierkt "wie schön es doch im Birkenhaine war". Et versteet een, wat si wëllt mat dësem Lidd soen.

D'Vergaangenheet belaascht

D'Knef um Album "Knef". Si huet et net liicht, si ass d'"Die Sünderin", plakeg, 1950, de Film vum Willi Forst, verschafft ginn Euthanasie a Prostitutioun, eng Nacktszene mat der jonker Actrice. An dat kuerz no 45, onméiglech. D'Gesellschaft an d'Kierch si Stuerm gelaf. D'Knef ass an d'States gaangen, Hollywood, New York. Si ass wuel net terribel grouss do erauskomm - mat trotzdeem Broadway - an nees heem komm. De Superstar erëm eng Nummer méi kleng. Huet den Näid muncheree soe gedinn.

Soss nach e bëssi Vita? Ma si war dräimol bestuet, Biller weise si mol mat der Zigarett am Bak, mol mat der Kippchen am Grapp. A si ass eng Fra, déi hiert Bannescht no baussen dréit, an hirer Biographie "Der geschenkte Gaul". Deem ee bekanntlech net an d'Maul erakuckt. Extrovertéiert ass d'Knef, d'Buch gëtt e Bestseller.

Dir frot elo: wat huet dat mam Album "Knef" ze dinn? Op den éischte Bléck net esou direkt eppes, mee d'Liewen hannerléisst bekanntlech dach esou seng Spuere bei engem. Och bei der Knef. Op dësem Album mat 13 Lidder, déi am Februar 70 anescht sinn, wéi de gewinnte Kascht. Alleguer geschriwwe vun hir.

Hei en Extrait aus "Mein Zeitbegriff", mat engem ... Bëbee als Betruechter:

"Ihr habt verlernt, Gedanken zu begreifen
und einen Wunsch ganz einfach zu verstehn;
ihr staunt mich an und lebt nur in Vergleichen
und wollt euch selbst in mir noch wiedersehn."

D'Welt gesinn aus der Siicht vun engem klenge Butz, onschëlleg an nei op dëser Welt. An dorausser e Lidd maachen. Chanson eben.

Mat der Wierder spillen

En anert Beispill fir der Knef hir net alldeeglech Manéier ronderëm sech ze kucken ass hire Song vum Dag, deem seng Gelenker knacken: "Der Tag holt Luft" - et geet ëm déi bedréckend Atmosphär moies fréi, déi si versicht a Wierder anzefänken an erëmzeginn. E Lidd, just si an e Piano.

"In unbekannte Richtung laufen Nerven,
zwischen Hals und einem Brustbein tickt die Nacht;
anspruchslos das Graue hinter Fenstern,
fünf schlug's irgendwo, dann sieben und auch acht.

Der Tag holt Luft und knackt mit den Gelenken,
vorm Horizont klebt der Antennenwald,
die Krähen reden ohne Konsonanten,
und überm Kaffeefilter wird der junge Morgen alt."

13 Lidder, d'Texter alleguer ouni Ausnam aus der Fieder vun der Interpretin. De Museker, mat deem si zesummeschafft, ass den Hans Hammerschmid, Komponist, Arrangeur, Dirigent. Deen, deen den Udo Jürgens 1966 op der Eurovisioun um Pult dirigéiert huet, säi "Merci Chérie", deemools, hei bei eis.

E bëssen Dietrich, e bëssi Greco, zweemol eendeiteg Zäitgeescht vun Ufank 70 mat Beat- a Popaflëss (den Album-Opener "Wie viel Menschen" mat verzerrte Psych-Gittaren an "Im 80. Stockwerk") ... et begéint ee mol dem méi opulente Sound à la Burt Bacharach, mol einfachem Folk: alles vereent am Genre Chanson, an deem ass si doheem, dat ka si, mat esou dohigeworfener Stëmm, keck a kéng, heiansdo bal Diseuse.

So, wie ich bin

Natierlech kënnt och d'Léift méi wéi eemol als Theema vir, nieft Erënnerungen un d'Kandheet, un d'Berliner Goldene Zwanziger ... an am "Die Herren dieser Welt" geet et esouguer ëm de Weltënnergang:

"Als das Flussbett eingetrocknet,
suchten Kinder nach dem Ufer,
suchten in den flachen Tiefen
nach den Fischen, die inzwischen
über alle Berge waren."

Fësch. Über alle Berge. Och alt erëm esou eng Formulatioun. Jo jo, d'Knef an den Album, dee wéi si heescht. Schonn e ganzt Stéck anescht. Mat Lidder, déi net der 08/15-Norm entspriechen, wéi si et selwer an engem vun hire spéidere Songs formuléiert huet:

"Es gibt sie nicht im Dutzend

Versandhaus-genormt

Nicht gabelfreundlich griffig

Und konsum-geformt.

Sie geh'n nicht mit der Mode

Ich kann nicht umhin:

Meine Lieder sind anders

So wie ich bin!"

D'Hildegard Knef ass den 1. Februar 2002 gestuerwen, am Alter vu 77 Joer.