Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Himmlesch Vocal Harmonien a grandios Arrangementer

The Free Design – Heaven/Earth (1969)

Himmlesch Vocal Harmonien a grandios Arrangementer

"Heaven/Earth" den drëtten Album, deen déi grouss sonneg Vocal-Arrangementer vun The Free Design hire viregte Release weidergeféiert huet. Engersäits immens naiv an e bësse louche, awer wierklech charmant. Jazz Harmonien, Baroque Sounds mat Cembalo a Flütt a weider exotesch Tonalitéite beglécken dobäi d'Oueren.

auto_stories

5 min

1969 - E Joer, dat musikalesch nach ëmmer staark vum Hippie Mouvement gedriwwe war, och wann den Idealismus esou lues ugefaangen huet ze zerbréckelen. Gruppe wéi The Stooges ware mat hirer rauer a brutaler Ästhetik am Gaang d'Fëllement vum Punk ze leeën. Mee déi blummeg Zort Musek war nach um bléien. "The Free Design" ass an deem Sënnt den absolute Géigendeel vun "The Stooges". Eng amerikanesch Vocal Formatioun mat engem iwwerméisseg séissen an onschëllege Sound.

Louche, naiv, mee och charmant

"Heaven/Earth" war hiren drëtten Album, deen déi grouss sonneg Vocal-Arrangementer vun hire viregte Release weidergeféiert huet. Engersäits immens naiv an e bësse louche, awer wierklech charmant. Psychedelesch a klassesch Musek, grad wéi Pop an Jazz sti sech bei The Free Desig" ganz frëndlech a verspillt géigeniwwer.

Um éischten Titel "My Very Own Angel" gëtt iwwer Léift, Engelen, an e Routbrëschtche gesongen. Mat enger idyllescher Trompett a Flütt Arrangement. Dat Ganzt ass an Zockerwatt agewéckelt. Mat hirer Musek gëtt een dezent an den Himmel gehuewen.

The Free Design ass eng Famillje-Formatioun. D'Geschwëster Chris, Sandy, Bruce an Ellen Derrick. Dat erkläert engersäits deen immens kohesive Sound, wéi d'Vocal-Harmonien esou lëfteg zesummewierken, duerch déi ähnlech Stëmm-Timberen an de perséinlech Lien zoueneen.

Musek läit de Geschwëster am Blutt

D'Derrick Geschwëster sinn an de 50er/60er am Dierfchen Delevan am Weste vum Bundesstaat New York opgewuess. Musek war an hirer DNA. De Papp huet Trombonn gespillt an huet senge Kanner spéider mam Arrangéiere gehollef. Hire Monni war en Trompettist, deen ënner anerem mat der Jazz-Vibraphon Legend "Red Norvo" musizéiert huet.

The Free Design ass aus der Greenwich Village Folk Zeen Mëtt de 60er erausgewuess. Gruppe wéi "Peter, Paul & Mary" hunn d'Band mat hire simpele Melodien a Gesangsharmonien inspiréiert. The Free Design hunn dës Elementer an hirer eegener Musek awer nach méi etheresch gemaach.

Op "Heaven/Earth" fënnt een esou eng Interpretatioun vum Tim Hardin sengem Folk Klassiker "If I Were A Carpenter" erëm. Am Verglach mam Original, komplett vum Buedem lassgeléist.

Déi éischt Single vun The Free Design ass 1967 erauskomm an huet "Kites Are Fun" geheescht. Op der Uewerfläch kléngt alles immens simpel an idyllesch. Mee ënner deem Ganze fënnt een e Gefill vu Melancholie erëm. Et geet ëm d'Onschold an d'Einsamkeet vun der Kandheet, an den einfache Pleséier mam Draach ze fléien.

Déi roueg a verdreemte Momenter sinn am beschten

De sonnege Pop vun The Free Design ass méi wéi nëmmen naiv. Hir Lidder schafen eng immens Ambiance, déi a verschidde Richtungen zitt. Jazz Harmonien, Baroque Sounds mat Cembalo a Flütt a weider exotesch Tonalitéite beglécken d'Oueren. Op hirem drëtten Album "Heaven/Earth" sinn awer och manner gelonge Momenter. Zum Beispill eng konfus a schmalzeg Versioun vu "Summertime", déi ech Iech hei erspueren. The Free Design wierken op de rouegen a verdreemte Momenter am beschten.

Um Stéck "Girls All Alone" sangen déi zwou Schwëstere Sandy an Ellen ganz liicht a gespenstesch zesummen. Mat engem Bléiser Arrangement, dat un d'Filmmusek vum Bernard Herrmann erënnert.

Mat hirem äusserst geschlaffenen an duusse Sound ass et erstaunlech, datt "The Free Design" ni de kommerziellen Erfolleg gefeiert hunn. Hiren eenzege Song, deen op de Charts gelant ass, war den Titeltrack "Kites Are Fun" vun hirem Debut vun 1967. Si waren dem Grand Public mat hirem zockerege psychedelesche Klang wahrscheinlech e bëssen ze eegen a louche.

Eng Transitioun vun der Zilgrupp

Tëschent 67 an 72 hu si ganzer siwe Placken erausbruecht, dorënner och de Kanneralbum "... Sing for Very Important People" vun 1970. Eng Zilgrupp Transitioun, déi Sënn mécht. Onschold a Verspilltheet waren an hirer Musek souwisou ëmmer present. An et kann een net soen, datt si en aggressiven Toun drop hätten.

D'Versoe vun der Band en Hit ze landen, hu si och op hirem drëtten Album "Heaven/Earth" ugeschwat. The Free Design konnt och roueg sarkastesch ginn. Um Stéck "2002 - A Hit Song" sange si "Hello teenie bopper, Hello deejay. We're going to sing a whopper. And you're going to make it pay for us."

D'Formatioun huet 1972 hir lescht Plack erausbruecht "There Is A Song". Engersäits krute si vum Label Project 3 komplett kreativ Fräiheet. Op där anerer Säit war de Label net immens organiséiert a puncto Promotion. Dobäi sinn The Free Design och ni grouss getourt. Hir jeeweileg Famillen hate Prioritéit. De Gros vun de Membere si spéider vun New York aus op Toronto geplënnert an hunn do Musek a Primärschoulen ënnerriicht. De Chris Derrick, de Leader vun The Free Design huet spéider am Filmmilieu geschafft, wou seng Arrangement-Talenter him e puer kanadesch Emmys besuergt hunn.

Mëtt den 90er ass den Numm The Free Design erëm opgedaucht. Museker a Bands wéi Stereolab, Cornelius a Beck hu vun hirem Afloss op hir Konscht geziilt an d'Free Design Placke kruten erëm en zweet Liewen.

Grad wéi déi aner Releasen ass hiren drëtten Album "Heaven/Earth" en ambient sunshine Pop Meeschterwierk. De leschten Titel "Dorian Benediction" ass bei Wäitem dat lassgeléisste Stéck op hirem Album vun 69. En abstrakten Tableau mat psychedeleschem Chouer, Jazz-Trompett an enger labberer Rhythmus Grupp.