Radioen

On air

Notturno  |  Kenny Garrett - Hargrove

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hip Hop ass an d'Moud komm

Subkulturen

Hip Hop ass an d'Moud komm

Fir d'éischte Kéier huet d'Rockhal e Festival organiséiert, dee sech just der Lëtzebuerger Hip Hop Zeen verschriwwen huet. Rap ass zu Lëtzebuerg sou populär wéi nach ni. Allerdéngs ass de Grand-Duché bei dësem Trend hannendran.

auto_stories

3 min

Hip Hop huet schonn an den 90er Jore säi Wee an de Mainstream fonnt. Zu Lëtzebuerg war dës Kultur awer bis viru kuerzem éischter en Underground-Phenomeen. "Mir waren deemools wierklech Rebellen", erënnert sech de Bobby Bieles, deen um radio 100,7 d'Hip Hop Emissioun Ligne 2 produzéiert.

Et wier de Pionéier aus dem Minett ze verdanken, datt Hip Hop mëttlerweil méi grouss geschriwwe gëtt. Lëtzebuerg hätt 10 bis 20 Joer Verspéidung par Rapport zu Amerika oder Frankräich. "Mir komme lo sou lues bei Eminem un", seet de Bobby Bieles.


Concertsmatschnëtter vum Chop Chop Chop, den 19. Oktober an der Rockhal

De Läbbelplay_arrow

Stayfouplay_arrow


"D'Eltere rose maachen"

"Ech hunn d'Gefill, datt an de leschte Joren d'Grenze vun de Subkulture bësse matenee verschwomme sinn", seet de Ragga. Déi nei Rockstare wieren an der Hip Hop Welt. "Et ass dat, wou ee seng Elteren a Grousselteren nach am meeschte ka rose maachen."

BC One a Maka MC an der Rockhal

Machismus wier e Phenomeen am Hip Hop, awer net nëmmen, seet d'Nicool. "Wann s de Metal lauschters, do ginn et och krass Texter." Rap wier dacks do fir "ofzeschalten a sech einfach cool ze fillen", seet de luk. Vill Rapper géife mengen, Drogen ze huelen a Fraen erofzemaache wier cool. Dofir misst de Kontext allerdéngs dee Richtege sinn.

Meenungsfräiheet?

Duerch de Geriichtsprozess wéinst dem Turnup Tun sengem Lidd "FCK LXB" gouf en ëffentlechen Debat opgeworf iwwer dat, wat Konscht däerf, a wat net. An engem musikalesche Kontext kéint een immens vill grenzwäerteg Saache guttheeschen, seet de Ragga. "Nëmme well sech verschidde Leit an engem Lidd perséinlech ugegraff fillen, heescht dat net, datt dat soll op en Index kommen."

Wa verschidde Lidder zu Lëtzebuerg géife verbuede ginn, wier dat e Schrack no hannen, an der Demokratie "e rise Fouss an den Aasch", seet de Ragga.

Den Tommek beim Chop Chop Chop

Och an der klenger Hip Hop Zeen zu Lëtzebuerg ginn et ënnerschiddlech Stréimungen. D'Membere vum Kollektiv De Läbbel hunn éischter eng oldschool-Approche, mat Sample-baséierte Beats. Stayfou klénge méi modern, elektronesch a poppeg, a gräifen op Stilmëttele vum Trap zeréck. "Dofir goufen déi agelueden, well si eng ganz ënnerschiddlech Dynamik hunn", seet de Bobby Bieles. "Dat ass dat Interessant un der Soirée."

D'Nicool ass Member beim Kollektiv "De Läbbel"

De radio 100,7 huet de Festival integral iwwerdroen. Op der Bühn ware Maka MC, BC ONE, Nicool, BTM, Skibi, Turnup Tun, Skinny J, luk., Tommek an de Ragga vun de Kollektiven De Läbbel a Stayfou. Hei drënner kënnt Dir d'Opnam vun der ganzer Soirée lauschteren.