Radioen

On air

Notturno  |  Westerman - A Lens Turning

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Hot Chip - dee beschten Album aus hirer Carrière

A Bath Full Of Ecstasy

Hot Chip - dee beschten Album aus hirer Carrière

Dem britesche Quintett Hot Chip war 2006 mam Album "The Warning" a mat Singles wéi "Over and Over", "Boy From School" oder "Eady For The Floor" den Duerchbroch gelongen. Elo melle si sech zeréck mat engem neien Disk mam provokativen Titel "A Bath Full Of Ecstasy".

auto_stories

3 min

En neien Hot Chip-Album - kann dat nach relevant sinn? Ass déi Band net awer iergendwéi virun zéng Joer stoe bliwwen? Effektiv ass et en immens gudde Pop Album. A wahrscheinlech dee beschte Longplayer aus der Carrière vum Quintett.

Hot Chip hu fir A Bath Full Of Ecstasy eppes radikal geännert. All hir sechs Albume ware selwer produzéiert. Dat huet mat sech bruecht, datt d'Disken dacks ze laang waren, et waren ze vill Lidder drop, et ass een net op de Punkt komm, et gouf gebastelt a gefréckelt, an déi staark Pop-Momenter si bëssen ënnergaangen.

Dobäi sinn den Alexis Taylor an den Joe Goddard immens gutt Songwriteren. Zwee vun den Titelen op "A Bath Full Of Ecstasy" hate si fir d'Katy Perry geschriwwen. Finalement hu si décidéiert, fir se awer selwer opzehuelen.

Fir deen neien Album hu si sech direkt zwee Produzente mat an d'Boot geholl. De Philippe Zdar, deen tragescherweis virun dräi Woche gestuerwen ass, an de Rodaidh McDonald, deen Acts wéi The xx, David Byrne oder Vampire Weekend produzéiert huet.

D'Resultat ass, knackeg, op de Punkt an definitiv méi Pop a méi kommerziell wéi alles, wat Hot Chip bis elo released hunn.

Et gëtt weider vill experimentéiert

Den Afloss vun den zwee Producere bedeit awer net, datt Hot Chip net méi géifen experimentéieren. Ganz am Géigendeel, de Synthesizer-Wizard Felix Martin seet an engem Interview mat Paste Magazine, datt de Philippe Zdar hien encouragéiert hätt, fir seng Modularsynthesizere méi ze notzen, a seng klanglech Spillereie wieren am Mix méi prominent ginn, wéi dat fréier de Fall gewiescht wier.

Stécker wéi "Spell" oder "No God" ass keen Einweg-Pop, deen an dräi Minutten ofgehaakt wier. Et si Stécker, déi sech Zäit loossen, déi e laange Spannungsbou zéien, an déi d'Songwriting-Talenter vun Hot Chip op e Podium stellen.

Hot Chip bleift eng vun de wichtegste Synthpop-Bands vun eiser Zäit, an um neien Album si Stécker, déi mat fréien Hits wéi "When I Was A Boy From School" oder "Over and Over" mathalen. A Bath Full Of Ecstasy ass en Album, op deem et och tëschent den Zeile vill ze entdecke gëtt, an un deem ee sech net sou séier sat gelauschtert huet.

Et däerf ee sech op de Concert vun Hot Chip, de 4. Dezember am Atelier, freeën. Well si sinn och eng fantastesch Live Band.