Radioen

On air

Notturno  |  Rosali - On Tonight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ I.N.R.I.

E Musical-Oper

I.N.R.I.

​Am Haaptberuff ass de Serge Losch Chef vum Laboratoire de médecine vétérinaire de l'Etat. Seng grouss Leidenschaft ass dernieft d'Musek, ganz besonnesch d'Komponéieren. No enger laanger Beschäftegung mam Theema vun der Passioun huet hien elo eng CD mat sengem Musical-Oper I.N.R.I. publizéiert.

auto_stories

3 min

D'Inspiratiounsquelle fir dem Serge Losch säi grousse Projet "INRI" komme vu ville Säiten: d'Aktivitéiten als Sänger am Madrigal de Luxembourg, d'Kenneléiere vun de Bach-Passiounen an d'Gespréicher mam laangjärege Madrigal-Dirigent Carlo Hommel. Dann awer och déi eege reliéis Erzéiung an déi spéider kritesch Ausenanersetzung domadder, d'Lecture vu reliéisen a philosopheschen Texter, erkläert de Serge Losch.

"Alles wat ech esou iergendwéi konnt kréien, hunn ech verschlongen, esou, datt ech iergendwa geduecht hunn: 't wullt an et muss iergendwéi eraus'. Jiddwereen dréckt sech e bëssen op eng aner Manéier aus, a bei mir ass et dann eben heiansdo iwwer d'Musek"

E groussen Aschnëtt

Virun 20 Joer gouf et mam Doud vu senger Fra e groussen Aschnëtt am Liewen vum Serge Losch, deen d'Perspektiv op Villes verännert huet. An der Passiounsgeschicht entdeckt de fervente Museker Parallellen zum eegene Liewen. Esou konkretiséiert sech lues a lues de Projet vum Musical-Oper.

Et kommen éischt Nofuerschungen, éischt Skizzen. Dacks feelt awer den néidegen Undriff, weiderzemaachen, bis eng nei Liewenspartnerin och nei Energie an neie Mutt bréngt. 2009 ass "INRI - Iesus Nazarenus Rex Iudaeorum" fäerdeg.

E wichtege Moment

Obschonn de Sujet deeselwechten ass, gesäit de Serge Losch kee Verglach mat "Jesus Christ Superstar", dem Musical-Klassiker aus de 70er Joren vum Andrew Lloyd Webber. Ganz ouni Spuere blouf de Musical awer net.

"Jesus Christ huet awer do och e ganz wichtege Moment an deem Ganze gespillt, well et war eng vun deene wéinege Kassetten, déi ech deemools, wou ech op der Uni war, ëmmer konnt lauschteren. Iergendwéi hunn ech dee [Musical] auswenneg kannt, an dat bleift net spuerlos."

D'Stëmmung diktéiert de Stil

Et géif dem Serge Losch a sengem Musical-Oper ëm d'Stëmmung goen, an ëm dat, wat déi verschidde Personnagë verkierperen. De musikalesche Stil hätt hien dofir un déi verschidden Zeenen ugepasst. Nodeems de Libretto an d'Kompositioun fäerdeg waren, huet et gegollen, déi néideg Besetzung fir d'Opnam zesummenzekréien. Virun allem den Orchester - eng mat sämtlechen Instrumenter erweidert Big Band - war logistesch net op d'Been ze stellen. Dofir hätt de Serge Losch op e virtuellen Orchester zeréckgegraff, dee mat live agespillten Instrumenter verstäert gouf. Bei de Sänger wier et méi einfach gewiescht, well de Serge Losch der eng ganz Partie kennt.

E grousse Wonsch

Den Disk, dee fir d'Kriibsfuerschung verkaf gëtt, gëtt a regulären Zäiten zu Iechternach an der Basilika, zu Klierf am Abteibuttek oder iwwer d'ASBL Operamus an der rue Christophe Colomb zu Gaasperech verkaf. Datt den Disk eraus ass, ass fir de Serge Losch eng Satisfaktioun. Säi grousse Wonsch bleift awer: säi Musical-Oper I.N.R.I op d'Bün ze bréngen.