Radioen

On air

Tockcity  |  Boulevards - Run and Move

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ice In My Eyes: "Post-Post-Apokalyptesch vum Fäinsten"

Release-Concert e Freideg

Ice In My Eyes: "Post-Post-Apokalyptesch vum Fäinsten"

Dëse Freideg kënnt den neien Album vun Ice In My Eyes eraus. D'Lidder op "New Romantic" sprenge gär d'Format vum Popsong, sinn awer ëmmer danzbar. All aner Parallellen zu britteschem 80's New Wave si rengen Zoufall.

auto_stories

2 min

Mat opfällegen, grapheschen Elementer maachen Ice In My Eyes zanter Mëtt Juni op de sozialen Netzwierker op den neien Album opmierksam. Am Mëttelpunkt steet den Diamant - d'Symbol, wat vun Ufank un op de Releasë vun der Band ze fanne war.

Den Artist Gilles Pegel huet mat enger obskuerer Software däischter 3D-Landschaften doraus geschaaft. "Hien huet do eppes wierklech Post-Post-Apokalyptesches vum Fäinste gebaut", seet de Sänger Olivier Treinen. De Gilles Pegel wier mëttlerweil en Deel vun der Band.

Mam Schal am Wand?

Déi geometresch Landschaften ënnersträichen de Sounduniversum vun Ice In My Eyes, dee vun analoge Synthesizere gepräägt gëtt.

Am britteschen New Wave gouf et och Gruppen, déi vun der Musekspress als "New Romantics" bezeechent goufen, seet den Olivier Treinen. "Déi ware frou mat Foto-weisen a mam-Schal-am-Wand-op-der-Cliff-of-Dover-stoen ... mee dat ass net sou eise Stil."

Um Album sinn aacht Titelen, déi dacks iwwer dat klassescht dräi Minutte Popformat erausginn. D'Band léisst Plaz an den Arrangementer fir danzbar Passagen, wou mat de Mëttele vun elektronescher Musek Spannung opgebaut gëtt.

D'Texter stamen all aus der Fieder vum Sänger selwer, de Rescht vum Kompositiounsprozess wier awer e kollektiven Effort. Zanter de Marc Clement Synthesizer spillt, kéint hie sech komplett op de Gesang konzentréieren, seet den Olivier Treinen.

En Deel vum Artwork vum Gilles Pegel

Alles fir de Song

Produzéiert gouf den neie Longplayer vum Jan Kerscher. Deen huet och scho mat Lëtzebuerger Gruppe wéi Mutiny On The Bounty oder Tuys kollaboréiert. Och fir Ice In My Eyes ass et net fir d'éischte Kéier, datt si mam Produzent aus Bayern zesummeschaffen. Hie géif et fäerdeg brénge fir all Museker konkret Tipps ze ginn, seet den Oliver Treinen. "Hie schafft fir de Song, an hien denkt dann un näischt Anescht. Et ass e Fest vun der Musek, deem Mënsch beim Schaffen nozekucken."

E Fest vun der Musek gëtt et sécherlech och dëse Freideg an der Kulturfabrik. Ice In My Eyes interpretéiere Stécker vun hirem neien Album "New Romantic", awer och ganz nei Lidder. Am Virpogramm kann ee Bartleby Delicate erliewen.