Den Iechternacher Festival wier elo fäerdeg, och wann d'Gemeng d'Organisatioun sollt iwwerhuelen, sou d'Meenung vum Remy Franck, Chefredakter vu pizzicato.lu an 100,7 Mataarbechter. Hie mengt ausserdeem, datt Iechternach keng Festivalsatmosphär géif bidden:
"Iechternach ass owes douttraureg. Zu Iechternach ass näischt lass. Geet een zu Iechternach um sechs Auer duerch d'Foussgängerzon, ass alles zou, wann net souwisou schonn d'Hallschecht vun de Butteker souwisou zou sinn. An da sëtzt ee sech vläicht iergendwou an eng Pizzeria, et ësst een eppes Klenges, ier een an de Concert geet, mä et ass keng Festivalsstëmmung do, an ech mengen, dat gëtt och elo net besser, andeems d'Gemeng et iwwerhëlt."
De Wort-Journalist Thierry Hick huet sengersäits eng aner Analys gemaacht iwwert d'Grënn, fir wat Luxfestival opgeléist gouf. Hien ass der Meenung, datt beim Iechternacher Festival ze vill Wäert op Marketing geluecht gouf, ouni datt genuch Inhalt do gewiescht wier.