Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Jungle - All Of The Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Igudesman & Joo

Den OPL op der Kopp

Igudesman & Joo

Geiisten Danzen iwwer d'Bün, Celliste reiden hiert Instrument wéi Cowboyen, a matten an der Mëtt vun dësem Duercherneen den Ausléiser: den Duo Igudesman & Joo. Am Kader vun hirer Show "Big Nightmare Music" loosse si de Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg vun der Léngt. De Luc Boentges war an eng Prouf an huet mam Duo geschwat.

auto_stories

3 min

Luc Boentges: Dir loosst de Museker vum OPL vill Fräiheeten. Net nëmmen dierfe si sech an deene Faarwe kleeden, wéi si wëllen, si däerfen och wärend der Opféierung eegen Iddien abréngen, ouni déi mat Iech ofgeschwat ze hunn. Hutt dir Erfarungen mat sou Experimenter?

Hyung-ki Joo: Jo, mir haten d'Chance, dat well e puermol ze maachen. Mee bei all Orchester mécht een nei Erfarungen. Eppes, dat mir awer sécher wëssen, ass datt all Museker ënnerlech e Kand ass. A wann ee Kanner d'Erlabnis gëtt kreativ ze sinn, sech goen ze loossen, kënnen dobäi just Iwwerraschungen erauskommen. Mir encouragéieren dofir d'Membere vum Orchester sech net ze verstoppen, mee ze glänzen a sech selwer ze erlabe Spaass ze hunn.

Ass dat Experiment well eng Kéier schif gaangen?

Aleksey Igudesman: Glécklecherweis bis elo nach net. Jiddweree war eng Kéier e Kand. Verschiddener musse mir ebe just e bësse méi laang dorun erënneren. Natierlech ginn et ëmmer een oder zwee Museker, déi méi al sinn, déi net méi wëllen an d'Roll vu Kanner klammen, mee dat sinn d'Ausnamen, déi d'Reegel bestätegen.

Hyung-ki Joo: Tatsächlech wollte mir schonn ëmmer eng Kéier an d'Situatioun kommen, datt mir engem Orchester soe mussen: "Dat doten ass ze vill, berouegt iech". Mee bis elo ass dat nach ni virkomm.

Den Aleksey Igudesman an den Hyung-ki Joo an der Philharmonie

Dir spillt Concerten a lauter verschiddene Länner, dir spillt souwuel fir Kanner, wéi och fir Erwuessener: Ass den Humor ärer Erfarung no eng universell Sprooch, déi jiddweree versteet?

Hyung-ki Joo: Humor ass eng universell Sprooch, genee esou wéi ee kéint soen, datt Fussball eng universell Sprooch wier. Mee natierlech ass all Land, all Stad ënnerschiddlech. Een, deen op enger Bananneschuel ausrutscht ass an engem Land vläicht manner witzeg, wéi an engem aneren. Mee den Humor, als eppes dat d'Leit zesumme bréngt an hinne gutt Laun vermëttelt, ass universell. A Laachen ass ustiechend. Souguer wann een e Witz net versteet, geet een eenzegt Laache vun engem Kand zum Deel duer fir datt mir laachen.

Bei klassesche Concerte gesäit een dacks konzentréiert oder geréiert Gesiichter. Datt gelaacht gëtt ass do dogéint éischter seelen. Firwat mengt dir, datt déi klassesch Musek d'Leit net un d'Laache kritt?

Aleksey Igudesman: Déi klassesch Musek bréngt d'Leit un d'Laachen. An dat huet se och an der Vergaangenheet gemaach. Déi klassesch Musek war an der Zäit just Musek. Dem Mozart seng Arie goufen an der Strooss gesummt, seng Musek war populär. Haut si vill Kompositiounen helleg ginn, mee op eng platt Aart a Weis. An dat probéiere mir ze änneren, well am Haydn oder am Beethoven senger Musek immens vill Humor ass. Mir probéieren d'Leit just dorun ze erënneren, datt ee laachen dierf.

Hyung-ki Joo: Mir betounen dofir ëmmer, datt den Humor an der klassescher Musek net eescht genuch geholl gëtt. All déi grouss Museker schwätzen ëmmer ganz eescht iwwer d'Emotiounen an den Drama. An dat ass och gutt. Mee wéi steet et ëm den Humor am Haydn a Beethoven senger Musek? Dee gëtt net eescht genuch geholl.