Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Improvisatioun a Spontanitéit

Lost Girls - Menneskekollektivet

Improvisatioun a Spontanitéit

Mat hirem Nieweprojet Lost Girls bleift déi norwegesch Klangkënschtlerin Jenny Hval hirer experimenteller Säit trei. Existenzphilosophie trëfft hei op Raveparty a verzerrte Gittaren.

auto_stories

3 min

Foto: Lasse Marhaug

Wat ass mënschlech? Ass dat Mënschlecht een Ech? D'norwegesch Formatioun Lost Girls stellt dës pertinent Froen direkt an de Mëttelpunkt vum Titeltrack op hirem Debutalbum "Menneskekollektivet", wat ee passend als "mënschlecht Kollektiv" iwwersetze kann.

Lost Girls ass den Nieweprojet vun der norwegescher Avant-pop Musekerin Jenny Hval an dem Multiinstrumentalist Håvard Volden, dee schonn zanter méi wéi zéng Joer musikalesch mat hir zesummeschafft. 2012 hate si de Projet Nude on Sand gegrënnt aus dem schliisslech Lost Girls gouf.

2018 koum eng éischt EP, elo presentéiere si een Debutalbum, deen sech wuel am beschten als Existenzphilosophie mat Drummachines beschreiwe léisst. Net ganz iwwerraschend fir eng Kënschtlerin, déi schonn 2015 op hirem Duerchbrochalbum "Apocalyse, girl" textlech festgehalen hat, si wier eben komplex an intellektuell. "Menneskekollektivet" ënnersträicht dës Ausso elo op en néitst.

Den Albumtitel soll d'Gefill beschreiwen, Deel vun engem komeschen an improviséierten Performance-Projet ze sinn. Iwwerhaapt ass "Menneskekollektivet" vun der Improvisatioun a Spontanitéit duerchzunn. "Mir zwee huelen vill op, éier mir iwwerhaapt wëssen, wat mir eigentlech maachen" sot d'Jenny Hval an engem Statement zum Album.

Besonnesch am Stéck "Love, Lovers", dat sech iwwer 15 Minutten zitt, kann een dem Duo dobäi nolauschteren, wéi si hier Lidder opbauen. D'Fundament ass e monotonen a mechaneschen Drumbeat, op deen dann lues a schichteweis Klangtexturen wéi dem Hval hiren Sirenegesang, Ambientsynths a Bluesgitarr gepaakt ginn, fir um Enn nees alles kollabéieren ze loossen.

Vill Iddien wieren hinnen spéit an der Nuecht komm, bal schonn am Hallefschlof, seet d'Jenny Hval, a verweist op déi hypnotesch a verdreemten Melodien, déi den Album charakteriséieren. D'Stëmmung wiesselt dobäi konstant tëscht düsterem Féiwerdraam an hedonistescher Clubnuecht. D'Hval bezeechent de Sound vum Album als Raveparty nodeems d'Musek aus ass an just nach e kollektiven ënnere Monolog iwwreg bléift.

Esou Deskriptiounen loossen relativ vill Interpretatiounsspillraum an ënnersträichen déi kryptesch Lyrics, déi den Album duerchzéien. Op "Losing Something" séngt d'Jenny Hval Zeilen aus dem Gedichtband "The Policeman's Beard Is Half Constructed", deen 1983 vun engem Computer mëttels kënschtlecher Intelligenz geschriwwe gouf.

Op "Carried by invisible bodies" duerchbrécht d'Sängerin dann déi véiert Mauer an beschreift, wéi schwéier et ass, dësen Text ze schreiwen. Dëse Metalevel-Storytelling ass awer keng artistesch Effekthascherei, mee Ausdrock vum kreativen Prozess hannert dem Album.

"Ech hunn mech schwéier gedoen, déi richteg Wierder fir dës Musek ze fannen", sot d'Frontfra an huet erkläert, datt hier Texter net onbedéngt Sënn sollen erginn, mee vill méi dobäi hëllefe kënnen aus enger Situatioun oder engem Moment Sënn ze maachen. Villäicht ass jo grad dës Ongewëssheet, des Sich no engem Sënn, dat Mënschlecht, wat Lost Girls op hirem Album a Fro stellen.