Radioen

On air

Benny Brown Show  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Indie-Rock vum Feinsten, zerwéiert mat engem Glas Mëllech

Jen Cloher

Indie-Rock vum Feinsten, zerwéiert mat engem Glas Mëllech

D'Musekerexistenz ass net déi einfachst. Et kann een esou gutt sinn, wéi ee well. Mä wann et ni zum groussen Duerchbroch kënnt, dann hëlleft och net dat gréissten Talent vun der Welt. An da gëtt et enk. Dovunner kënne Kënschtler zu Lëtzebuerg e Liddche sangen. Mä net just hei.

auto_stories

4 min

Wat bréngt dat engem, den Held an enger Disziplin ze sinn, wann dat Heldentum, dat Kinnek- oder Kinniginsinn sech op e puer Quadratkilometer begrenzt? An de politesche Sphären spillen ënnert deem Wénkel gewësse Reegelen. Do erfreeë sech verschidden Individuen esouguer de grousse Manitu vun engem Mikrostaat ze sinn. E Staat, dee meeschtens emol vu kengem an näischt unerkannt gëtt. Mä dat mécht näischt, Haaptsaach King sinn.

Mä an der Konscht, och der Musek, ass et do ganz anescht. D'Verhältnis zu Fame, Notirietéit an Unerkennung ass dacks zweeschneideg, meeschtens wéinstens ambigue. Well, ob e Kënschtler et sech selwer zougesteet oder net, gedriwwe gëtt hien oder si dovunner, mat kënschtlerescher Aarbecht esouvill Mënsche wéi nëmme méiglech z'erreechen. Am beschte Fall ze beréieren. Genee do kënnt d'Jen Cloher op d'Bühn.

Ikon a Symbol vun der Indie-Zeen zu Melbourne

Déi australescht Musekerin Jen Cloher huet dës Zweeschneidegkeet zur zweeter Potenz. Also Zweeschneidegkeet héich zwee. Firwat? D'Cloher ass zënter enger hallwer Éiwegkeet feste Bestanddeel, wann net d'Ikon an e Symbol vun der Melbourner Indie-Zeen. Si huet 2012 mam Courtney Barnett de Label Milk! Records mat an d'Liewe geruff. An do fänkt et elo schonn un.

Op eise kontinentaleuropäesche Breetegraden ass d'Jen Cloher net déi Indie-Ikon, mä d'Liewenspartnerin vum Barnett, déi viru véier Joer mat enger Handvoll EPen an engem Album relativ déck ageschloen huet.

Dëse Succès huet beim Cloher seng Spueren hannerlooss. Net nëmmen ass d'Partnerin duerch d'Welt gereest, mä si huet aus enger - ëffentlech ausgeschwater - Jalousie ugefaangen, hir eege musikalesch Kompetenzen a Fro ze stellen. Dat maach beim éischte Lauschtere vum neie "self-titled" Album enger neurotescher Bagatell gläich kommen, mä wie säin Ouer de Cloher'sche Beschreiwunge vun enger australescher Liewens- a Kënschtererfahrung spëtzt, wäert séier verstoe kënnen, wat si mat allem mengt.

Isolatiounsgefill ass glaskloer duergestallt

"Self-titled" ass beim Jen Cloher net Zeeche fir den Ufank vun enger Carrière. Dofir Virzeechen, dat et hei ëm si geet. Eleng um Opener "Forgot Myself" gëtt d'Isolatiounsgefill mat wéinege Verse glaskloer op de Punkt bruecht. Dat huet näischt mat enger Blos vum Museker-Dosinn ze dinn. Et ass ganz am Géigendeel engem universelle Versteesdemech géintiwwergestallt.

Wann een dann nach am Wëssen ass, dat eben dës Partnerin, d'Courtndey Barnett, bei den Opname vun dësem Lidd, mä och um ganzen Album d'Gittar bäigesteiert huet, gëtt d'Gréisst vun deem Ageständnis an d'Éierlechkeet vum Geste nach méi grouss. Um Lidd "Regional Echo" gëtt d'Notioun vun Isolatioun nach méi direkt verschafft.

Fir vill Leit hei ass Australien de Summum. Fir d'Jen Cloher och, mä awer och eng Sakgaass. Fra-Sinn, Homosexuell-Sinn war an ass am Staat mat de schäerfsten Immigratiounsgesetzer keen Zockerschlecken. Kuerzzäiteg agefouert, dann nees verworf, soll elo e Referendum iwwert d'Legalitéit vum Schwulen- a Lesbemariage decidéieren.

D'Cloher bezillt, wann och mat Rock-Background brav seng Steieren an ass entsat. Gottseidank ass d'Mamm eng wichteg Bezugspersoun gewiescht, wéi d'Lidd "Strong Woman" erzielt.

"Wëll ech wierklech de groussen Duerchbroch?"

A vun dohier wier jo näischt anzewenne géint eng Rocker Carrière ronderëm d'Welt. De Grant, de Robert an d'Lindy - d'Cloher sengt vun den Indiegötter "The Go-Betweens" - hunn et gepackt. Mä dat ass alles esou deier. An ass dat den Effort wäert? Wëll hatt de groussen Duerchbroch?

Ier déi grouss Existenzfroe gekläert ginn, reminiszéiert si gären. Zum Beispill um Lidd "Loose Magic" an deem si erzielt, wéi si viru laanger laanger Zäit d'"Dirty Three" héieren huet a vun engem Lidd komplett zerrappt gouf. Ee vun de knaschtegen Dräi, "The boy from Ballarat", de Warren Ellis, huet et och gepackt. Nondidjö, do ass si nees, déi éiweg Fro.

Déi beschten Indie-Rockplack vum Joer

"Indie rock is full of privileged white kids / I know because I'm one of them / Who else has the luxury to gaze backwards?", esou eng Aschätzung vun enger 43-Joer jonker Fra, deet wéi. Ass an hirer Éierlechkeet net ze iwwertreffen. Well musikalesch gëtt tatsächlech mat der Hëllef vun Indie-Versatzstécker aus deene leschten dräi Joerzéngte geschafft.

Sonic Youth an d'PJ Harvey, Anno Dry loosse gréissen. Dobäi sinn dës Versatzstécker esou Milk! Records-méisseg onprätentiéis, relax agespillt an opgeholl a loossen dem Cloher sengen Texter fräie Laf. E staarkt Stéck Gittaremusek, déi alt nees, komescherweis, d'Hoffnung an d'Zukunft vun dësem scheinbar doudege Genre opliichte loossen.

D'Jen Cloher huet op alle Fall déi beschten Indie-Rockplack vum Joer geliwwert. Un point, c'est tout.