Radioen

On air

Notturno  |  Polyrhythmics - Liam Rides A Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jake Xerxes Fussell: Et ass alles erëm gutt a gréng

Album vun der Woch

Jake Xerxes Fussell: Et ass alles erëm gutt a gréng

Hie sammelt, interpretéiert a komponéiert Folk-Lidder allerlee: Dem Jake Xerxes Fussell seng Approche ass wuel traditionell, an dach zäitlos. Dat beweist de Museker aus North Carolina nach emol op senger véierter Plack "Good and Green Again", e besënnlecht Wierk mat Stärestëbs.

auto_stories

3 min

Den Jake Xerxes Fussell. Foto: Tom Rankin.

Hues du jee Pijen op enger Séissgromper-Rief wuesse gesinn? Esou heescht tatsächlech en alt Folk Lidd, dat den Jake Xerxes Fussell 2017 nees un Dagesliicht bruecht huet.

Hien ass e Spezialist vun de méi kuriéise Wierker, déi an der Kultur vun den amerikanesche Südstaaten gedeit sinn. En Akademiker vum Gewéinlechen, dee frësche Wand an al Schanke bléist.

Op sengem véierten Album "Good and Green Again" gräift de Fussell dann nees déif a seng verstëbsten Tru an hëlt eis mat op e Schluechtfeld, wou en Zaldot iwwer Léift an Doud meditéiert, op en Dampschëff, dat melancholesch ronderëm d'Welt tuckert oder an eng Stiedchen, wou d'Enn vun der Stolindustrie tragesch Konsequenzen huet.

Et sinn al awer och méi nei Versen, déi mat vill Sensibilitéit a Mënschlechkeet interpretéiert ginn.

Familiär an dach gespenstesch

"Good and Green Again" gouf vum James Elkington produzéiert, engem englesche Folk-Museker, deen zanter Joren zu Chicago lieft an do mat Leit wéi Jeff Tweedy bis hin zu Tortoise collaboréiert. Dem Jake Xerxes Fussell senger Plack huet en den néidege Fokus a Stärestëbs bäigedroen.

De Fussell ass seelen ouni seng ramponéiert Telecaster-Gittar ënnerwee, déi en hei och dann och mat drockvollem Uschlag zupft. Mee d'Arrangementer sinn net spartanesch.

Divers Texture ginn eng niwweleg wanterlech Ambiance erëm, mat akusteschen Téin vu Gittar, Mandola, Pedal Steel, Dobro, Sträicher a Bléiser, déi sech géigesäiteg ergänzen.

D'Resultat ass dezent an ënnerdriwwen. D'Lidder kommen engem wéi en ale Bekannten entgéint: familiär an dach iergendwéi gespenstesch.

Vun Ongewëssheet op Liichtegkeet

Den Jake Xerxes Fussell huet nach ni esou besënnlech wéi op sengem neien Album geklongen. Vläicht, well mer dëser Deeg och all e bësse méi traureg a lues gi sinn, esou heescht et an de Liner Notes.

Vläicht och, well de Museker rezent Papp ginn ass. Den Deuil vun engem vergaangene Liewen, d'Schafe vun enger neier Identitéit, de Manktem u Schlof... Wie weess et, op alle Fall ass d'Stëmmung op "Good and Green Again" éischter gedämpft.

Mee den Jake Xerxes Fussell bréngt et fäerdeg, vun Ongewëssheet op Liichtegkeet ze wanderen. Seng nei Plack ass eng Kollektioun vun impressionisteschen Tableauen, dorënner och e Grappvoll instrumental Stécker, déi trotz Melancholie optimistesch Zich droen.

An Zäiten, déi erausfuerderen, huet hien Trouscht an den ale Folk-Lidder fonnt. Et ass alles erëm gutt a gréng.