Radioen

On air

Espresso Beats  |  Vicki Sue Robinson - Turn The Beat Around

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Janis Joplin - I've Got Dem Ol' Kozmic Blues Again Mama!

Musek

Janis Joplin - I've Got Dem Ol' Kozmic Blues Again Mama!

D'Texanerin hannerléisst just e Grapp voll Produktiounen - déi et a sech hunn. Eppes verbënnt se alleguer: déi eemoleg Stëmm vun der Sängerin, déi am Oktober 1970 am Alter vu just emol 27 Joer stierft. De "Kozmic Blues"-Album, deen am September 69 erauskënnt, ass dee leschten, dee si zu Liefzäiten ophëlt.

auto_stories

6 min

Ganzer véiermol stoung d'Janis Joplin an hirer kuerzer awer hefteger Carrière fir eng Album-Opnam am Studio: zweemol als Member a Sängerin vun der Band Big Brother And The Holding Company, dat war 1967 an 68, eng drëtte Kéier dat Joer drop fir den Album "I've Got Dem Ol' Kozmic Blues Again Mama!"... dee gëtt mol als Solo-Album klasséiert, mol als Zesummenaarbecht mat hirer kuerzlieweger Formatioun Kozmic Blues Band, an da fir "Pearl", hire véierten a leschten Album, deen dräi Méint no hirem Doud erauskoum.

Méi Blues & Soul

Dës Opzielung vun de véier Wierker dowéinst, well si, net zu Lescht wéinst de verschiddene Museker, déi d'Janis Joplin dobäi begleet hunn, scho verschidde sinn - bannen de véier Joer, wou d'Amerikanerin opgeholl huet, war hir Stëmm dat musikalescht Element, dat hiert Gesamtwierk verbonnen huet. Soss gëtt et schonn eng etlech Ënnerscheeder bei de Produktiounen: déi méi rockeg Janis Joplin op den zwee éischten Albumen, dat méi geschlaffent um ultime Release ... an dat kloer méi bluesegt a soulegt um "Kozmic Blues"-Wierk.

Deen een oder anere Stilwiessel ass deemno schonn an hirer kuerzer Carrière do, ni komplett a radikal, mee dach awer gutt erauszehéieren.

D'Janis stëmmlech top

"I've Got Dem Old Kozmic Blues Again Mama" vun der Janis Joplin krut bei senger Sortie am September 1969 net déi allerbescht Rezensiounen - op d'mannst net doheem bei hir an de States. Trotzdem geet den Album eng Millioun Kéier iwwer d'Théik an toppt op der Plaz fënnef an den Charts. An Europa war de Feedback däitlech besser ... woubäi sämtlech Kritiken, ob US oder Kontinent, sech eens waren: d'Leeschtung vun der Janis Joplin selwer war top, hire Gesang exzellent, e kéim aus dem Bauch, den Träipen, dem Häerz ... also schonn esou wéi Blues a Soul solle sinn.

De b-Moll awer war en duebelen: do wier fir d'éischt hir Begleetband, déi eigentlech ouni Numm war a méi spéit, wéinst dem Album-Titel, als "Kozmic Blues Band" bezeechent gouf. Vu Big Brother and The Holding Company hat d'Sängerin de Gittarist a Bandleader Sam Andrew matgeholl, soss waren et nach eng Dosen aner Museker, déi am Studio dobäi waren, e gudden Deel dovunner aus dem Ëmkrees vun der Band Steppenwolf, déi vu Born To Be Wild oder och dem Magic Carpet Ride. Als Top-Bluesgittarist huet de Mike Bloomfield op dräi Stécker matgespillt. Just: d'Zesummespill war net perfekt, ze kuerz gouf zesumme geprouft, déi eng oder aner Nout souz net - homogen war dat Ganzt net ëmmer, quitt datt d'Janis Joplin mat souveräner Stëmmleeschtung doriwwer stoung!

D'Prod kritt es!

D'Janis Joplin geet um "Kozmic Blues"-Album nei Weeër, méi ewech vum haarde Rock, ass méi no bei gefillvollem Blues a Soul ... mat enger net optimal agespillter Band, déi och just dësen eenzegen Album sollt iwwerliewen.

An dann den zweete b-Moll: déi technesch Equipe ronderëm de Produzent Gabriel Mekler, déi net hir bescht Deeg bei der Produktioun a besonnesch dem Ofmëschen erwëscht hat.

De Mekler kann et däitlech besser, hien ass de Mann hanner der Erfollegs-Formatioun Steppenwolf an och ë. a. bei Bluesproduktioune mat der grousser Etta James huet hie säi Kënnen ënner Beweis gestallt. Hei awer koordinéiert hie manner gutt, hie kritt der Joplin hir Band net an de Grëff, beim Mix ginn et Onstëmmegkeeten, esou datt d'Stëmm alt emol mat Momenter an de Bléiser ënnergeet (op "As Good As You've Been To This World"). Bei enger Rockproduktioun wier dat manner an d'Gewiicht gefall, bei dësem méi subtille Repertoire schonn.

Am amerikanesche Magazin Rolling Stone mengt de Rezensent, d'Sängerin wier wuel ni besser gewiescht wéi op dësem Album, mee de ganze Rescht wier praktesch ënnerierdesch, vum Niveau vun der Band iwwer d'Arrangementer bis bei d'Zesummespill. O-Toun a senger Rezensioun: "Those sons of bitches can't do anything really right". Eng vernichtend Aschätzung och fir dem Snooky Flowers säin Alt Sax-Solo op "As Good As ....": et wier "the worst baritone saxophone solo I have ever heard'.

E fir mech absolut iwwerdriwwen haart Uerteel - mee ouni Zweiwel ass beim "Kozmic Blues"-Album op techneschem Plang op d'mannst plazeweis eng Partie Loft no uewen.

Am Schnelltempo opgeholl

"I've Got Dem Old Kozmic Blues Again Mama!", d'69er Produktioun vun der Janis Joplin bréngt deen een oder anere Fan wéinst der Musekerin hirem Stilwiessel a Richtung Blues eng Grëtz duercherneen: hei héiert een däitlech manner d'Rockfra aus de Summer of love Deeg, wéi dat bei den zwee éischte Releasen de Fall war. Mee dës nei Genrë si wéi gemaach fir eng Stëmm voller Emotiounen a Passioun, eng Stëmm, déi op dësem Album scho bal erstaunlech gutt kléngt, erstaunlech dowéinst, well déi gesondheetlech Problemer vun der Janis Joplin ginn ëmmer méi däitlech, hir Ofhängegkeet vun Alkohol an Illegalem sinn allgemeng bekannt - och wa si et, wéi zum Beispill zu Woodstock, ëmmer erëm fäerdeg bréngt, esouguer relativ stoned d'Leit bei hire Concerten ze faszinéieren.

De Motto Sex & Drugs & Rock 'n' Roll ass wuel eréischt e puer Joer nom Doud vun der Janis Joplin entstanen, gelieft huet d'Sängerin en awer schonn Enn de Siechzeger.

Am Studio fir dësen drëtten Album war déi ganz Equipe Mëtt/Enn Juni '69 just fir zéng Deeg, an deenen déi aacht Lidder mat 37 Minutten Dauer opgeholl goufen ... dacks midd an net ganz kloer bei der Saach, allze vill Take goufen net agespillt, och d'Produktioun an de Mix sinn am Schnelltempo ofgeschloss ginn. Den Album koum esou schonn ufanks September op de Maart - eng séier, vläicht eng ze séier Publikatioun, haut ass ee sech eens, datt mat där gesanglecher Leeschtung - Topleeschtung - vun der Janis Joplin (nach) méi dra gewiescht wier.

Vill Cover-Versiounen

Opfälleg ass um Janis Joplin "Kozmic-Blues"-Album den Zougrëff op Friemkompsitiounen: just zweemol signéiert den Duo Joplin-Mekler, hire Produzent an an engems Organist, sechsmol gëtt gecovered, mat där enger oder anerer Iwwerraschung: nieft dem am Original méi schnulzege Bee Gees-Cover "To Love Somebody" varéiert dëse Cover-Repertoire zerguttst - de fréiere Sänger vun der méi haarder Sixties Band Electric Flag, den Nick Gravenites ass zweemol vertrueden, aus den 30er Jore kënnt d'Lidd "Little Girl Blue", dat an engem Broadway Musical populär gouf, "Maybe" war an de Fofzeger en Hit fir d'Doo Wopp-Formatioun The Chantels. Deemno queesch duerch de Gaart an absolutt net onbedéngt dee Repertoire, deen ee vun der Rocksängerin Janis Joplin erwaart, speziell net wann een hir zwee Albume mat der Big Brother-Band an Erënnerung huet.

Et schwätzt fir d'Janis Joplin, datt si keng vun hiren Interpretatioune vun dësen am Original fir si a-typesche Lidder an de Sand setzt - am Géigendeel: si mécht eppes aus dësen Titelen, gëtt hinnen eng nei, eng Janis-Identitéit. Manner doheem op dësem Album si wéi ëmmer erëm bemierkt, déi Leit, déi mat hir zesummen an de Studio gaange sinn, vun de Museker bis bei déi technesch Crew. Duerch déi kritt de "Kozmic Blues"-Album an der klenger Discographie vun der Janis Joplin meeschtens de leschte Präis. Och well d'Lat zimlech héich läit.

Fir mech ass den Album trotz aller ubruechter Kritik en absolute Genoss. Schued datt d'Sängerin esou jonk um Liewen gescheitert ass - do wär nach villes ze erwaarde gewiescht. "Live fast, Love Hard, Die Young": den 1955er Country-Hit vum Faron Young bréngt d'Liewen an d'Carrière vun der Texanerin op de Punkt.