Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Maria Chiara Argirò - Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Japanese Breakfast - Jubilee

Album vun der Woch

Japanese Breakfast - Jubilee

Jubilee vun Japanese Breakfast ass eng Sammlung vu groussaartege Popsongs, déi trotz enger gewësser Melancholie ganz lëfteg dohierkommen, a sech immens gutt lauschteren.

auto_stories

3 min

D'Opener vun den zwee éischten Japanese Breakfast Albummen hate mam Doud ze doen. Der Michelle Zaumer hir Mamm war u Kriips gestuerwen - hir Musek war duerchzu vun Trauer. Um Debut Psychopomp housch et 2016 nach "In Heaven". Um neie Longplayer heescht ee Song "In Hell". An och wa si am Text onpoetesch doriwwer séngt, wéi et sech ufillt wann ee muss den ok ginn, fir am Spidol d'Maschinnen auszeschalten, a wéi steril den Doud ënner den Neonstüben ausgesäit ... d'Sängerin betruecht déi Zeenen aus der Distanz, an akzeptéiert an hirer Musek den Doud als Deel vum Liewen. Well eigentlech ass deen neien Album eng Ode un d'Liewen an un d'Freet.

Japanese Breakfast ass um drëtten Album vum Solo-Projet vun der Michelle Zaumer zu engem Duo gewuess. De Batteur a Produzent Chris Hendrix gouf um neie Wierk zu engem vollwäertege Member. An engem Interview mat NPR erkläre si, datt hir Zesummenaarbecht zu enger richteger Symbios gouf, an datt d'Stécker vill méi fäerdeg ware wéi si an de Studio gaange sinn, wéi beim Virgänger. Dat gëtt däitlech bei de Bléiser- a Sträicher-Arrangementer, déi immens op de Punkt sinn, an d'Kompositiounen op e ganz aneren Niveau hiewen.

Déi orchestral Arrangementer zéie sech wéi e roude Fuedem duerch den Album. Si sinn d'Speis, déi fir Koherenz tëschent deenen eigentlech ganz ënnerschiddleche Songs suergt. Si hätte fir d'éischt mol all Song als eegestännegt Konschtwierk gekuckt, erklären Japanese Breakfast am Gespréich mam ëffentlechen amerikanesche Radio.

Sou fënnt een op Jubilee lo-fi Elektro-Pop Nummere wéi Slide Tackle, melancholesch Ballade wéi Posing in Bondage oder Tactics, oder méi folkeg Kläng wéi bei Kokomo, Indiana, wou souguer eng Slide-Gittar opdaucht.

Jubilee vun Japanese Breakfast ass eng Sammlung vu groussaartege Popsongs, déi trotz enger gewësser Melancholie ganz lëfteg dohierkommen, a sech immens gutt lauschteren. Et ass e Fest vu positive Vibes, deen och ganz gutt an dës Zäit passt, wou de Schied vun der Pandemie sech schéngt ze hiewen.