Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Robyn - Missing U

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jeop Beving - Neo-Minimalismus am Atelier

Pianst

Jeop Beving - Neo-Minimalismus am Atelier

De Joep Beving ass deen am meeschte gestreamte Pianist op der Welt. De Succès vu senger éischter Plack, enger Sammlung vun einfache Pianosstécker, war ganz de Streaming-Plattformen ze verdanken. Dëse Sonnden den Owend presentéiert den Atelier den hollännesche Minimal-Komponist a sengem eegene Lieu. Am Gespréich mam Marc Clement weist sech ee Kënschtler, deen de Glawen dorun, datt et eng musikalesch Essenz gëtt, net verluer huet, an op gréisstméigleche Konsens aus ass.

auto_stories

2 min

Marc Clement: Wann Dir iwwer Är Musek schwätzt, setzt Dir se oft als Géigegëft zur Verfriemung, déi eis vun eisem Ënneren ewechhält. Wat genee mengt Dir domat?

"Ech probéieren, d'Saachen ze vereinfachen, an eng gewëssen Essenz ze fannen, wann ech schreiwen. Dann ass et fir d'Leit méi einfach, sech erëm z'erkennen an eppes domat unzefänken.

D'Verfriemung ass, menger eegener Erfarung no, duebel. Fir d'Éischt ass Lieweg Sinn schonns fir sech eng komesch Affär!. Doriwwer eraus liewe mir an Zäite, wou vill Saache passéieren, déi eis bedeitungslos a grotesk virkommen, well se ze wäit ewech si vun deem, wat mir bannendran novollzéien kënnen, a wat eis am Immediaten als Richteg oder Falsch erschéngt."

Zweetens, esou de Jeop Beving, wier eis Gesellschaft méi fragmentéiert, a méi staark polariséiert ginn. Jiddwereen huet ewell seng eege kleng Versioun vun der Wourecht, a vun der Wierklechkeet selwer, an et gëtt ëmmer méi schwéier, mat de Leit ronderëm an eng Linn ze kommen, an eng Verbindung mat hinnen ze spieren. Vill Kommunikatioun geet verluer am Triichter vum Algorithmus.

"Wat ech ustriewen, wann ech schreiwen, ass d'Sprooch vun der Musek op esou eng essentiell Manéier anzesetzen, datt se mat ville Leit resonéiere kann - iwwer hir Iddien a Meenungen ewech. Ech sichen déi Zort Verbindung, déi mir mat der Natur hunn: wat och ëmmer eis Virstellungen an Iwwerzeegungen, deen Effekt, deen d'Natur op eis huet, ass fir jiddwereen änlech. Et ass eppes, wat mir erëmerkennen, an deem mir eis ageschloss fillen, an dat eis ënnerlech berouegt. Ech maachen dat fir d'éischt emol fir mäin eegent Wuelbefannen, an dann hoffentlech och fir Anerer.

Ech probéiere mech selwer esou vill wéi méiglech aus der Equatioun ze zéien an dat ze schreiwen, wat mech tréischt a wat ech schéi fannen. Ech lauschteren dobäi op mäi Kierper. Wann ech vun enger bestëmmter Phrase oder engem Stéck Musek Héngerhaut kréien, kann ech op d'mannst hoffen, datt dat bei anere Leit och esou ass. Ech mengen, dat ass et, wat ee wëll, wann een eppes Neies erschaaft fir d'Welt oder fir aner Leit. Wann ech komponéieren denken ech also net vill no, ech probéieren esouguer éischter, meng Gedanken aus dem Wee ze kréien."

Ganz geschwënn soll eng Theatermusek erauskommen, déi de Jeop Beving fir eng Kreatioun a sengem Heemechtsland komponéiert huet, genee wéi och eng nei Plack vun onofhängege Kompositiounen.

De Concert de Sonnden, 3. Oktober am Atelier ass ee CovidCheck-Event an d'Diere ginn ëm 7 Auer op.