Radioen

On air

Kultur um 5  |  Den éischten Ausfluch fir eise Soundatlas.

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kadhja Bonet: Soul vun engem anere Planéit

Nei am Plackeregal

Kadhja Bonet: Soul vun engem anere Planéit

D'Kadhja Bonet ass eng villverspriechend jonk Musekerin aus den USA. Hiren Debut-Album "The Visitor" zerwéiert sech um Repertoire aus deene leschte 40 Joer. Trotzdem schéngt en net vun dëser Welt ze sinn.

auto_stories

3 min

Vun der Kënschtlerin selwer gemoolt: de Cover vun "The Visitor"

D'Kadhja ass 1784 um hënneschte Sëtz vun engem fuerwlech mieresgrénge Weltraum Pinto Päerd op d'Welt komm. Nodeems sie also immens lang Zäit am Plasma vun hirer Mamm verbruecht huet, hat sie déi immens Freed a Gratifikatioun, ze entdecken, dat sie mat Hänn a Gesiicht kéint Geräischer maachen, währenddeems si mat héichster Vitesse duerch intergalaktesch Djungelquadranten reest.

Sou déi offiziell Bio um Site vun der Kadhja Bonet. O-kay...

Klassesch Ausbildung hin oder hier...

Genee esou enigmatesch, ewéi sech déi erfonnte Bio liest, lauschtert sech och den éischten Album vun der amerikanescher Musekerin. Well un hirer tatsächlecher Biografie net all ze vill enigmatesch ass. Als Eent vun am ganze sechs Kanner vun enger vu musikaleschen Elteren (Operesänger a klassesch Museker), gouf si an hirer Kandheet decouragéiert, fir net-klassesch Musek ze lauschteren. D'Bonet huet ass schéi brav an de Solfège gaangen an huet dat eent an anert Instrument verënnerlecht. Awer "The Visitor" beweist, datt et vun Zäit zu Zäit awer gutt deet, sengen Elteren net ëmmer nozelauschteren.

De Fat Possum Records Label war esou vum éischte gréissere musikaleschen Outing iwwerzeegt, dat si decidéiert hunn, mat enger Neioplo a mat engem méi grousse Carnet d'Adresses, méi ee breede Public ze cibléieren.

Eng Stëmm déi schwieft

Och wann d'Bio net zu engem méi grousse Konzept gehéiert, ass d'Musek net wierklech vun dësem Planéit. (Och wa se mat deem engen oder anere Schlësselmoment mat der Musek aus deene leschte 40 Joer a Relatioun gestallt gëtt.)

D'Stëmm vum Bonet ass dat zentral Element vun dësem Disk, deen alles an de Schied stellt. Ätheresch an tatsächlech mat Amenter intergalaktesch, engem interplanetare Wiesen ähnlech - de Verglach zum Alien Björk wier awer falsch - schwieft der Bonet hiert stëmmlecht Organ déi ganzen Zäit ëmmer raimlech en hallwe Meter iwwert den Instrumenter. An awer gi Stëmm, Instrumentarium an Arrangementer zu engem grousse Ganzen.

Ok: Souguer de Presentateur vum Early Bird hätt sech gewënscht, datt rhythmesch bei engem oder zwee TStécker d'Vitess e bëssi eropgezunn gëtt. Mee bei dësem Album vu enger knapper hallwer Stonn, bleift een dann awer gären op Mid-Tempo hänken.

Trotzdem: Mat zwee Féiss um Buedem

Vum Bonet arrangéiert, hallef agespillt a bis op zwee Titele selwer geschriwwen, huet een et bei The Visitor mat engem erfrëschend duerchduechtenem an erwuessenem Pop Musek-Debut ze doen. Zu kengem Zäitpunk stécht de Kapp ze vill an der Pretentioun. Hei e bëssi arkestrale Sun Ra, do Bacharach, a virun allem e weirden Amalgam aus Julia Holter a Minnie Riperton vun der Rotary Connection. Alles kléngt iergendwéi zugläich almoudesch an total aus der Zäit gefall. Wonnerbar komesch Erfahrung.

Textlech bleift si bei all deem verhältnisméisseg mat den zwee Féiss um Buedem. Wéi esou dacks geet et ëm Léift, Liewen an d'Grenze vu Frëndschaft. A fir mat enger Reprise vum Milton Nascimento sengem 76er Titel "Francisco" opzehalen, gläicht a sengem Gebrauch vun der Stëmm dem definitive Eloge fir eben dës, mee iwwerhaapt am allgemengen, der mënschlecher Stëmm. Am Song gëtt iwwregens net ee Wuert gesongen.


"The Visitor" vum Kadhja Bonet ass dem radio 100,7 säin Album vun der Woch vum 14. bis den 20. November 2016.