Radioen

On air

Espresso Beats  |  Fakear - All Of Us

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kanteg Beats a Stëmmkaskaden

Kaitlyn Aurelia Smith - Let's Turn It Into Sound

Kanteg Beats a Stëmmkaskaden

Mat "Let's Turn It Into Sound" presentéiert déi amerikanesch Synthiekënschtlerin Kaitlyn Aurelia Smith en iwwerraschend Beat-orientéierten Album, dee virun allem duerch der Musekerin hir duuss Stëmm an eng melodesch Kakophonie bestécht. De Max Tholl huet eragelauschtert.

auto_stories

3 min

De leschte Studioalbum vun der Kaitlyn Aurelia Smith läit iwwer zwee Joer zeréck. Am Mee 2020, also an den Ufanksdeeg vu globaler Pandemie a Lockdown, koum "The Mosaic of Transformation" eraus.

An dëse rouegen Disk war eigentlech déi perfekt Begleetmusek fir eben déi pandemiebedéngten Transformatioun an Entschleunegung.

D'Kaitlyn Aurelia Smith huet duerchaus een Hang zu enger gewësser New-Age-Spiritualitéit, si huet och scho Musek fir eng Meditatiounsapp komponéiert an een Album mam Titel "Tides: Music for Meditation and Yoga" erausbruecht.

An och de leschten Album mat senge kaleidoskopeschen an onopgereegte Synthiearrangementer war Balsam fir déi strapazéiert Lockdownséil.

Abrupt an dissonant Rhythmus- an Tounwiessel

Ëmsou méi iwwerraschend kléngt elo "Let's Turn It Into Sound", eng Ping-Pong Kakophonie, déi mat Zäiten iwwerfuerdernd awer ni underwhelming ass.

Anescht wéi op de Virgängeralbe léisst d'Kaitlyn Aurelia Smith de Synthesizerkläng kee Fräiraum fir sech ze entfalen, villméi ass den neien Disk vun abrupten an immens dissonante Rhythmus- an Tounwiessel gepräägt.

Knapp huet een sech un eng Melodie gewinnt, geheit d'Kaitlyn Aurelia Smith een direkt nees an déi nächst Klanglandschaft eran.

De Song "There is something" zum Beispill fänkt mat rouegen Uergelkläng un, éier dës vu kantege Beats ofgeléist ginn. Iwwerhaapt ass et schwéier "Let's Turn It Into Sound" engem spezifesche Genre zouzeuerdnen, well hei Aflëss ewéi Afrobeat, Hyperpop, Glitch Techno, Ambient, Break Beat, Hip- Hop an nach vill méi openeen treffen a matenee verschmëlzen.

Modulär Synthien dominéieren

Wat sech awer bei allem Chaos wéi e roude Fuedem duerch den Album zitt, ass der Smith hier Stëmm, déi mol a ganze Sätz, mol als réng Tounkaskaden duerch d'Lidder fléisst.

Obwuel um Album divers Instrumenter ewéi Saxophon, Flute an aner Blosinstrumenter ze héiere sinn, ass et de Klang vu moduläre Synthesizer, deen hei dominéiert.

Kee Wonner, schliisslech ass d'Kaitlyn Aurealia Smith mat hire Synthiekompositioune bekannt ginn. Ugefaangen huet alles mat engem sougenannte Buchla Synthesizer, deen si sech no hirer Ausbildung um renomméierte Berklee College of Music vun hirem Noper ausgeléint hat.

Si selwer seet, datt si am léifste mat Buchla Synthesizer schafft, well dës sou onberechenbar sinn, an et fir glécklech Accidenter am Studio suergt.

Natierlech gouf d'Smith dowéinst och scho fréi mat der legendärer Synthiekomponistin Suzanne Ciani verglach, mat där si 2016 dann och en Album opgeholl huet.

"Let's Turn It Into Sound" weist elo déi ganz Bandbreet vun der Kaitlyn Aurelia Smith hirem Talent an ënnersträicht hire Ruff als experimentell a facettëräich Kënschtlerin bei där een sech op dat Onerwaarte gefaast maache sollt.