Radioen

On air

Een zwee Jazz  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komponist Krzysztof Penderecki gestuerwen

Klassesch Musek

Komponist Krzysztof Penderecki gestuerwen

De polnesche Komponist ass zu Krakau am Alter vu 86 Joer gestuerwen, mellt d'Noriichtenagence PAP mat Verweis op seng Fra.

auto_stories

1 min

De Krzysztof Penderecki huet als ee vun de wichtegste Komponiste vun dëser Zäit gegollt. Eng vu senge bekanntste Kompositiounen huet hien den Affer vun der Atombomm op Hiroshima dediéiert. Seng Musek ass och a ville Filmer zum Ausdrock komm: Ënner anerem an den Horrorklassiker "Shining" a "The Exorcist".

Gebuer gouf de polnesche Komponist den 23. Dezember 1933 bei Krakau. 1959 huet hien op sech opmierksam gemaach, wéi hie beim Concours zu Warschau vu jonke polnesche Komponisten anonym dräi Wierker agereecht huet an domat all déi dräi Präisser gewonnen huet.

De Krzysztof Penderecki huet 2005 am Optrag vun der Lëtzebuerger Regierung och e Wierk fir d'Ouverture vun der Philharmonie um Kierchbierg komponéiert.