Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Efterklang - Getting Reminders (feat. Beirut)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Komponist Pierre Boulez ass dout

Zäitgenëssesch Musek

Komponist Pierre Boulez ass dout

De franséische Komponist an Dirigent Pierre Boulez ass dout. Hien ass um Dënschdeg 5. Januar am Alter vun 90 Joer zu Baden-Baden gestuerwen, wou hien zanter Joere gelieft hat. De als ee vun de wichtegste Vertrieder vun der zäitgenëssescher Musek.

auto_stories

1 min

Pierre Boulez

De Pierre Boulez huet zum Beispill dem Schönberg seng Zwieleftountechnik weider entwéckelt, grad ewéi seriell an elektro-akustesch Musek an deem vun him gegrënnten "Institut de Recherche et Coordination Acoustique/Musique" (IRCAM).

Als Dirigent war de Boulez ënnert anerem beim Sinfonieorchester vum Südwestfunk, dem BBC Symphonic Orchestra, dem Chicago Symphonic, dem Phildadelphia Orchestra an dem New York Philharmonic Orchestra aktiv, sief et als Chefdirigent oder als Chef-Invité.

Fir méi iwwert de Pierre Boulez gewuer ze ginn, lauschtert "Sequenza" vum Maria Gutierrez. D'Emissioun ass fir d'éischt de 16. Februar 2015 op der Antenn vum 100,7 gelaf: