Radioen

On air

Tockcity  |  The Libertines - Oh Shit

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Konfrontativ mee ëmmer mat engem Clin d'oeil

Charlotte Adigéry & Bolis Pupul - Topical Dancer

Konfrontativ mee ëmmer mat engem Clin d'oeil

Als Gesellschaftskritik mat messerschaarfe Beats léisst sech den Debutalbum "Topical Dancer" vum belschen Duo Charlotte Adigéry a Bolis Pupul beschreiwen. Op dësem kruten si prominent Ënnerstëtzung, där hiren Afloss däitlech erauszehéieren ass.

auto_stories

3 min

De belsche Kënschtlerduo Charlotte Adigéry a Bolis Pupul ass net u Subtilitéit interesséiert - au contraire, hire gemeinsamen Debutalbum "Topical Dancer" liwwert eng Punchline no der nächster.

Sexismus, Rassismus, kulturell Appropriatioun, Post-Kolonialismus, Schéinheetsidealer, sozial Medien a Political correctness sinn nëmmen e puer vun de Sujeten, déi si hei ëmräissen. Ëmmer mat der néideger Grëtz Humor ouni awer eppes an d'Lächerlecht ze zéien.

Um Bols vun der Popkultur

Hir musikalesch Zesummenaarbecht huet 2016 mat engem Lidd fir de Kultfilm "Belgica" ugefaangen. D'Gebridder Stephen an David Dewaele, besser bekannt als 2manydjs a Masterminds vun der Band Soulwax, ware fir d'Zesummestellung vum Soundtrack responsabel an hunn d'Charlotte Adigéry an de Bolis Pupul zesummebruecht.

Hiren Debutalbum ass dann elo och um Label Deewee vun den zwee Bridder erauskomm a gouf och vun hinne matgeschriwwen a koproduzéiert. Et sollt also net iwwerraschen, datt "Topical Dancer" duerch pulséierend Technobeats a catchy Synthiehooks bestécht.

Als "Momentopnahm wéi haut iwwer Popkultur geduecht gëtt" bezeechnen d'Charlotte Adigéry an de Bolis Pupul hiren Album. Niewent dem eklekteschen an retrogeluedene Sound, mengen si domadder virun allem déi verschidde Sujeten, ëm déi sech d'Songs dréinen.

Humor a Gesellschaftskritik ginn Hand an Hand

Schonn den Albumtitel "Topical Dancer" deit eng Ausernanersetzung mam popkulturellen Zäitgeescht un, déi och Spillraum fir Humor léisst. Trotzdeem ass Topical Dancer kee renge Feel-good-Album. Et wier hinne wichteg gewiescht, den haitege Rassismus, deen si och selwer ze spiere kruten, um Album ze thematiséieren, soten si an engem Interview.

De Song "Blenda" handelt da vun der Sich no der eegener Identitéit an gesellschaftleche Virurteeler. "Don't sound like what I look like, don't look like what I sound like", heescht et hei, éier d'Charlotte Adigéry am Refrain esouguer de rassistesche Sproch "go back to your country, where you belong" iwwert een groovege Bassriff leet.

Am Track "Esperanto" liwwert si dann e musikalesche Wokeness-Leetfuedem, deen awer och d'Politesch Korrektheet selwer kritesch ënner d'Lupp hëlt, wann d'Musekerin zum Beispill freet "Are you polite or political? Are you correct or cynical?". D'Lyrics op "Topical Dancer" - egal op op Englesch, Franséisch oder Kreol - si konfrontativ an awer ëmmer mat engem ironesche clin d'oeil.

Eng Panoplie u musikaleschen Aflëss

Den Duo léisst um Album allerlee Influenzen afléissen a kollidéieren - vun 90s-R&B iwwer Elektroclash, Acidtechno oder Funk. D'Marschrichtung bleift awer op de meeschte Stécker déi selwecht: Four-to-the-floor an ëmmer riicht eraus.

De Song "Making Sense Stop" orientéiert sech net nëmmen textlech un der Kultband Talking Heads, och déi kanteg Beats an messerschaarf Basslinne klénge staark nom New-Wave-Sound vun der New Yorker Formatioun.

"Words are my refuge, silence is scary" séngt d'Charlotte Adigéry hei a verdäitlecht d'Quintessenz vun hirem gesellschaftskriteschen a kaleidoskopeschen Elektropop, dee kee Blat virun de Mond hëlt an engem laang an den Ouere bleift.