Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Konscht muss kritesch sinn"

Nei Scheif vun The Disliked

"Konscht muss kritesch sinn"

Den 31. Mee presentéieren The Disliked hiren neien Album "Reggae Rescue". Am Gespréich erklären d'Museker, firwat si e Gang zeréckgeschalt hunn. A si spillen zwee nei Stécker am Studio.

auto_stories

2 min

"Mir sinn a konstanter Entwécklung", seet den Trompettist Chilles. "Wahrscheinlech hu mir eis iwwer d'Zäit bësse berouegt." D'Energie wier nach ëmmer do, mee d'Téin géife méi laang ginn.

"Am Fong ware mir zweemol a Südfrankräich", seet de Gittarist Cédric. Wéinst der Hëtzt an dem Mier wier einfach Reggae dobäi erauskomm. De Produzent Charles Stoltz hätt e groussen Afloss op de waarmen, melodeschen Aspekt vum Disk gehat.

Reggae ass eng Musek mat enger laanger Traditioun. The Disliked géifen awer näischt kopéieren. "Dat gi mir natierlech och net zou", schmunzelt den Chilles. "Et ass lassgeléist vun alle Randerscheinungen, wann een u Reggae denkt. Mir schwätze just musikalesch."


Exklusiv Session vun The Disliked am Studio vum radio 100,7:

Lauschterenplay_arrow


The Disliked zécken net fir an hire Lidder op gesellschaftlech Mëssstänn opmierksam ze maachen. Als Band géif ee sech an der Gesellschaft positionéieren, seet de Cédric. "Konscht huet nëmmen eng Auswierkung, wann s de och kritesch bass, oder wann s de eng Positioun hues." Op "Reggae Rescue" wieren awer och vill perséinlech Texter.

Si géife mat Nostalgie op de Food For Your Senses zeréckkucken, seet den Chilles. Awer et sollt een net traureg sinn. "De Food ass eng Richtung, déi opgemaach gouf vu verschiddene Leit. Déi hu gewisen, wéi et geet." Hie géif dovun ausgoen, datt verschidde Leit, déi an d'Organisatioun implizéiert waren, géifen an iergendenger Form weidermaachen.

E Freideg den 31. Mee ass d'Release vu "Reggae Rescue" an der Kulturfabrik.


Dat ganzt Gespréich vum 25. Mee

Lauschterenplay_arrow