Radioen

On air

Tockcity  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kontinuitéit am Wandel

30 Joer Solistes Européens

Kontinuitéit am Wandel

Den 20. September 1989 presentéiert sech een neien Orchester, een Ensembel, dee sech gréisstendeels aus Museker aus osteuropäesche Länner zesummesetzt. Den Numm: Solistes Européens, Luxembourg.

auto_stories

2 min

Virun 30 Joer war d'Welt nach an zwee grouss politesch Bléck gespléckt. De Geiist an Dirigent Jack Martin Händler wollt dës Trennung iwwerwannen, hat et sech an d'Kopp gesat, dem Joseph Haydn säin Dictum vun der Musek als universell Sprooch, als Eppes, dat Mënsche verbënnt, konkret ëmzesetzen.

Eng Iddi gëtt Realitéit

Aus perséinlecher, batterer historescher Erfahrung wousst den Jack Martin Händler, wéi Diktaturen de Mënsche vill zuleeds dinn. D'Solistes Européens, Luxembourg sollten och e Symbol vun der Fräiheet sinn, e Gedanken, deen nieft dem kënschtleresche Projet beim deemolege Premier- a Kulturminister Jacques Santer op oppen Ouere gefall ass.

De Projet war lancéiert, an och wann d'Geschicht mam Mauerfall, den 9. November 1989, den Orchester am Fong schonn iwwerholl hat, hunn d'Solistes Européens, Luxembourg sech lues awer sécher zu engem festen Acteur an der Musekszeen entwéckelt.

Ëmmer nei erfannen

1989 haten d'Solistes Européens, Luxembourg (SEL) eng grouss Spillwiss, op där se sech konnten zimlech fräi beweegen. Mat der Kreatioun vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg a spéider der Ouverture vun der Philharmonie hunn sech Donnéeë geännert.

D'SEL woussten sech ëmmer unzepassen. Si hunn hire musikalesche Fundus erneiert, ewech vum reng klassesch-romantesche Repertoire hin zu enger diversifizéierter a meeschtens onerwaarter Programmatioun an enger spannender Diskographie ënnert der Leedung vum Christoph König.

Antëscht huet sech och Europa weidergedréint, an 30 Joer nom Mauerfall ginn nees Grenzen héichgezunn. D'Grondphilosophie vun de Solistes Européens, Luxembourg - Grenzen iwwerwannen, fir d'Fräiheet anzestoen - gëtt, leider, nees topaktuell.


Den 30. September iwwerdréit de radio 100,7 de Concert vum 30. Anniversaire live um 20 Auer.