Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  C'est Karma - Fist Fight

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kurt Cobain: Come As You Are

Rocklegend

Kurt Cobain: Come As You Are

Viru 25 Joer ass de Kurt Cobain gestuerwen. Mat 27 Joer huet de Sänger vu Seattle sech d'Liewe geholl. Bannent manner wéi dräi Joer war hie mat senger Band Nirvana zu engem weltwäite Megastar ginn. Vill Teenager hunn an den 90er Jore wéinst dem Kurt Cobain ugefaange Musek ze maachen.

auto_stories

3 min

Kee Riff ass sou an déi kollektiv Memoire vun enger Generatioun agebrannt, wéi dee vu Smells Like Teen Spirit. Dëse Song resuméiert sou perfekt den Ausverkaf vum Rock, ier e vum Hip Hop iwwerholl gouf, an d'Frustratioun a Langweil vun der Jugend an den 90er.

D'Musek, vun Nirvana war net nei an net revolutionär. D'Pixies oder Sonic Youth ware wahrscheinlech méi wichteg fir d'Entwécklung vum Rock. Awer keen ass sou héich geflunn wéi den Trio vu Seattle. De Grond war dee blatzege Jong mat de bloen Aen, de blonden Hoer an de futtissen Jeans.

De Kurt Cobaun war eng nei Zort Rockstar. Hie war keen Dylan, keen John Lennon a kee Bowie. De Kurt Cobain war ee vun eis, een, deen hätt kéinte bei dir an der Strooss wunnen. Hien hat kee Bühnendress a kee Costume, mee Holzfäller-Hiemer, wéi se an den 90er eben an der Moud waren.

De Succès koum ganz séier fir Nirvana. 1987 gouf d'Band vum Cobain a vum Bassist Krist Noveselic gegrënnt. No enger ganzer Rëtsch aneren Drummere koum den Dave Grohl 1990 an d'Schéissbud. An dat Joer drop goung den Trio mam Produzent Butch Vig am Studio fir hiren éischten Album fir e Major Label opzehuelen.

Mam Succès vun Nevermind hat kee gerechent. Den Album koum am Sepember 1991 eraus. Am Januar 1992 huet en de Michael Jackson vun der Nummer 1 vun den US Album Charts gehäit. Ronn 300.000 Kopien d'Woch goungen déi Zäit iwwer d'Théik.

1993 koum dee leschten Album vun Nirvana eraus. "In Utero", opgeholl vum Steve Albini. Obwuel de Label net vum Produzent vun Chicago senger Aarbecht iwwerzeegt war, gouf och In Utero e mega Succès.

Mat Droge koum de Kurt Cobain fréi a Kontakt. Heroin huet hie geholl, zanter et Nirvana gouf. Hie soll och Depressioune gehat hunn. Ob dat de Grond war, datt hie sech de 5. Abrëll 1994 d'Liewe geholl huet? Et huet sécher net gehollef. Datt hie bannent kuerzer Zäit zu enger Ikon gouf, wéi den Che Guevara oder de Jesus, sécherlech och net.

Wat awer sécher ass, de Kurt Cobain huet d'Musekswelt krass verännert. Hie war keen Entertainer. Hie war keen Testosteron-Rocker, mee hien huet sech fir Fraerechter an d'Rechter vun der LGBT Communautéit agesat. Ouni de Kurt Cobain hätte vill Museker, déi haut op der Bühn stinn, ni eng Gittar an de Grapp geholl.

Also zwar keng Revolutioun, awer trotzdem d'Welt verännert. "It's better to burn out than to fade away," steet am Kurt Cobain sengem leschte Bréif.