De Laurent Loschetter huet een an dee selwechte Büro fir esouwuel d'Aktivitéite vu senger IT-Firma, wéi och déi vum Atelier ze koordinéieren. De Musekfans dierft hien natierlech an éischter Linn als Grënner a Bedreiwer vum Club an der Hollerecher Strooss bekannt sinn.
"Jo, ech verkafe Kultur", erkläert hien am Gespréich iwwert seng Atelier-Aktivitéiten, "jo, d'Musek ass eng Wuer. Wat awer keng ass, dat ass de Spirit, dee bei eis derhannert stécht. A wann eng Kéier de Fonke spréngt, dann ännere mer vum Merkantilen eriwwer an dat Soziologescht oder op d'mannst an dat Kulturellt."
Um Laurent Loschetter senger Playlëscht stinn dës Titelen:
- Golden Brown - The Stranglers
- Inhaler - The Foals
- Carolina Drama - The Raconteurs
- Vesoul - Jacques Brel
- Why Can't We Live Together - Sade
- La Peur - Ute Lemper
- Berlin - Rhy X
- My God Is The Sun - Queens Of The Stone Age