Radioen

On air

De Weekend  |  Isabelle Medinger

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Lauschtert mech"

David Bowie

"Lauschtert mech"

Den David Bowie ass am Alter vun 69 Joer gestuerwen. Hie war ee vun deene wichtegsten Erneierer vum Pop. Hien huet sech selwer a seng Musek ëmmer nes nei erfonnt. Och op sengem leschten Album. En Noruff vum Fred Medernach.

auto_stories

3 min

©Mick Rock

Hien huet sech permanent nei erfonnt. Och nach mat 69 a mat sengem neien Album ‘Blackstar’: dat war unisono d’Feststellung, wéi mir dat neit Wierk vum David Bowie um 100,7 virgestallt a beschwat hunn. Et war en Album deen iwwerrascht huet, dee neies bruecht huet. Wéi sou dacks a senger Karriere déi 1967 ugefang huet. Net fir näischt heescht een Titel um Album ‘Lazarus’. Déi biblesch Figur, déi operstan ass. De Bowie ass ëmmer erëm operstan, huet sech quasi mat engem neie musikalesche Liewen erëm an d’Gespréich bruecht.

Hie war deen, dee Rock a Glam Uganks de Siwwenzeger zesummebruecht huet. Hien ass an d’Roll vum “Ziggy Stardust” geklomm. Hien huet Jazzelementer am “Aladin Sane” erabruecht, “Soul” mat Young Americans, Electronic mat “Low”.

De Bowie schreift a komponéiert ënnert dem Afloss vun der Grousstad an hir Tendenz een erofzezéien. A senger Berlin Trilogie “Low / Heroes / Lodger” danzt hie mat haarden Drogen um Seel. Hien huet mat Drum ‘n Bass iwwerrascht a mam Brian Eno Soundexperimenter gewot. Langweil ass e Friemwuert, wann ee sech mat der Musek a mam Liewe vum David Bowie ofgëtt.

Ëmmer erëm huet hie Figure kreéiert, fir iwwert sech z’erzielen. Fir sech a seng Gedanken an Iwwerleeungen matzedeelen. Vum "Ziggy" iwwert de "Starman", vum "Major Tom" bis bei de "Thin White Duke". An och elo, um leschten Album, ass hien deen, dee sicht. Dee Froe stellt. Deen a Fro stellt, Theorien net unhëlt, net gleeft a blannemännches schléckt, mee dee sech selwer op d’Sich mécht, nodenkt, iwwerleet.

No sengem Doud wéinst Kriibs – eng Krankheet iwwert déi hien ni geschwat huet – ass dësen Album ‘Blackstar’ esou eppes wéi säin Testament. Et ass en däischteren Album, wou et dacks drëm geet, wéi et soll weidergoen, wat do dann nach ass. Wou nieft de léiwen Engelen och der manner léiwer opdauchen. Wou falsch Propheten dénoncéiert ginn, déi mat Léisunge lackelen. Wann een dann nëmme hinne folleche géif... Texter, déi haut nach méi bedrécken, nach méi Zeie sinn vun deem wat am Texter, Komponist, Museker a Mënsch David Bowie virgaang ass.

Wéi mir an der Emissioun Rockkultur iwwert Blackstar diskutéiert a gefachsimpelt hunn, huet et geheescht: “Wéi soll et virugoen mat him?” Gemengt war natierlech: “Wéi soll den nächsten Album kléngen, wéi eng Iwwerraschung hält den David Bowie als nächst parat.”

Den Doud vun engem Mënsch ass ganz dacks mat der Sich no Trouscht verbonnen. Jo, de Bowie huet d’Sortie vu sengem Album nach matkritt. Jo, d’Kritike fir “Blackstar” sinn exzellent. Net zulescht déi Feststellung, déi een no esou engem erfëllte Kënschtlerliewe mécht: Jo, hie lieft duerch seng Musek weider.

Hien huet saï Kriibs net matgedeelt. Esou wéi hien an de läschte Joren och keen Interview ginn huet, net iwwert sech, seng Musek a säi Liewe geschwat huet. “Lauschtert mech”, war seng Devise. Da maache mir dat elo, esou wéi gewënscht.