Radioen

On air

Klassik Live  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Les Nuits - Net Brout deelen, mee Musek

Musek an der Groussregioun

Les Nuits - Net Brout deelen, mee Musek

Eng knapps Autosstonn vu Lëtzebuerg ewech ass dëse Weekend e gemittleche Festival mat groussen Nimm aus der Indie-Zeen. De Kader ass besonnesch: D'Concerte gi quasi all an enger Kierch iwwer d'Bühn.

auto_stories

2 min

"2020 wëlle mir deen éischten Hemmersdorf Pop Festival organiséieren", seet den Organisateur Chris Burr. "Et gëtt ee Boutique Festival, wou mir déi Saache bréngen, déi et soss net am Saarland gëtt."

Et géif awer net just drëm goen, fir Musek ze presentéieren, déi kee kennt. "Mir wëlle Raum bidde fir ze entdecken, an duerno fir ze genéissen."

Als Virgeschmaach op dee Festival gëtt et dëse Weekend vum 11. an 12. Oktober "Les Nuits" - zwee musikalesch Owenter, déi sech quasi komplett an der Kierch zu Hemmersdorf ofspillen.

Aus Lëtzebuerg ass de Pascal Schumacher mat op der Affiche. Hie géif Solo um Vibraphon optrieden a sech selwer mat Elektronik begleeden, erkläert de Chris Burr.

En aneren Highlight ass den Däitschen Duo Hundreds. Si kéint een hei als Trio erliewen, seet de Chris Burr. "Et ass zimlech elektronesch, awer mat engem akustesche Piano a wonnerbarem Gesang." Och kleng Perkussiounselementer wiere charakteristesch fir hiren Sound. D'Mëschung aus elektroneschen an akusteschen Elementer wier ganz speziell.

Mat dobäi ass och Tiny Ruins - den Indie Folk-Projet vun der Neuseelännerin Hollie Fullbrook. Si wäert zu Hemmersdorf solo optrieden a reng akustesch Interpretatioune vun hire Stécker proposéieren.

Et däerf ee sech an der Kierch awer net just op akustesch Singer-Songwriter astellen. Déi britesch Rachael Dadd hätt eng Band ronderëm sech, mat Drums, Bass, Gittar, Banjo, Hautbois, Klarinett a Fligel.

Donneschdes, den 10. Oktober ass schonn de Warmup mat der amerikanescher Formatioun XIXA.

Weider Informatioune ginn et op der Facebook-Säit vun Hemmersdorf Pop.