Radioen

On air

De Weekend  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lëtzebuerg beim Eurosonic 2023

Grousse Showcase Festival

Lëtzebuerg beim Eurosonic 2023

Si trieden nächst Woch tëschent dem 18. an 21. Januar um Eurosonic zu Groningen an Holland op: Maz, Tuys a Francis of Delirium. Op dësem Festival treffe sech Fachleit aus ganz Europa. Wéi eng Erwaadungen hunn déi jonk Museker:innen un dëse Rendezvous?

auto_stories

3 min

headphones

56 min

play_arrow
De Maz vertrëtt Lëtzebuerg um Eurosonic Festival. Foto: Marie Romanova

Zu Lëtzebuerg ass de Maz scho gutt opgestallt. Um Eurosonic, dee vum 18. bis den 21. Januar ass, hofft de Rapper, seng Ekipp international ze vergréisseren.

Dofir wéilt hie vill Fachleit begéinen, déi fir de Projet interessant kéinte sinn: "D'Preparatioune lafe schonn säit enger Zäitchen. Do si scho ganz vill Leit ugeschriwwe ginn a genervt ginn." Engersäits wéilt een déi Leit op de Concert invitéieren, awer och de perséinleche Kontakt wier wichteg.

Hie wier momentan op enger "komescher Plaz", seet de Maz. Hie géif seng Musek schonn als Job consideréieren, awer seng Zukunft an der Industrie wier nach zimmlech flou:

"Ech froe mech all Dag, aus wéi enger Motivatioun eraus schaffen ech grad heivir? Gréisstendeels ass et awer ëmmer d'Passioun fir d'Musek."

Wann hie géif Lidder schreiwen, hätt hien e Brennen a sech, wat hien um Liewe géif halen, seet de Rapper. Duerno kéim e ganzen Deel Aarbecht, fir d'Konscht ze verkafen. "Mee dat gehéiert einfach dozou, et ass ok. Ech sinn einfach frou an där Branche kënnen ze schaffen."

Sech géigesäiteg besser maachen

Als Lëtzebuerger hätt een am internationale Verglach déi selwecht Chancen, ewéi wann een aus engem anere Land géif kommen, seet de Maz:

"Wat sech eis Lëtzebuerger Zeen méi entwéckelt, wat mir och ëmmer méi Chancë kréien. Well mir eis all géigesäiteg motivéieren an eis géigesäiteg all besser maachen."

Niewent dem Maz a Francis of Delirium vertrieden och Tuys Lëtzebuerg bei der Editioun 2023 vum Eurosonic. 2021 an 2022 sollte si schonn op Groningen reesen. Déi zwee Joer war de Festival awer online ofgehale ginn.

Awer och déi digital Editioun vun 2021 huet hir Friichte gedroen: "Mir hu ganz konkret eis Bookerin a Groussbritannie fonnt", seet de Gittarist Tun Biever. Och en Optrëtt beim Iceland Airwaves Festival wier duerch den Eurosonic méiglech ginn.

Tuys bréngen dëst Joer en neien Album eraus. Vum Eurosonic géif ee sech dëst Joer erhoffen, datt e puer Festivallen op d'Band géifen opmierksam ginn, seet den Tun Biever: "Mee allgemeng léiert een iwwer d'Joren, seng Erwaardungen net ze héich ze stellen, an och bësse gedëlleg ze sinn." Duerch esou e Showcase Festival géif sech net alles vun engem Dag op den aneren op d'Kopp dréinen.

Wat ass den Eurosonic?

Den Eurosonic Festival gëtt zanter 1986 all Joer am Januar an der hollännescher Stad Groningen organiséiert. Et ass dee wichtegste Rendezvous fir d'Museksbranche an Europa. Hei decidéiere sech déi musikalesch Trends fir d'Joer.

De radio 100,7 ass als Member vun der EBU um Festival bedeelegt, a kann ee Slot um Festival buchen. 2023 ass dat de Rapper Maz.

Tuys a Francis Of Delirium waren 2021 an 2022 nominéiert ginn. Well de Festival déi lescht zwee Joer net physesch konnt iwwer d'Bün goen, kruten déi zwou Bands elo d'Méiglechkeet fir zu Groningen opzetrieden.