Dräi Produktioune mat Lëtzebuerger Museker kruten eng Nominatioun fir d'International Classical Music Awards (ICMA) 2017 an der Kategorie Kammermusek:
- Den Trio Koch fir seng brillant Martinu-Milhaud-CD
- Den Join Venture Percussion Duo mat Arrangementer vu Ravel-Wierker fir Vibraphon a Marimba
- De Wave Quartet (mam Perkussionist Christophe Sietzen), dee südamerikanesch Musek interpretéiert.
312 Audio- a Video-Produktiounen
Dës dräi Verëffentlechungen hunn et op d’Lëscht vun am Ganzen 312 Audio- a Video-Produktioune gepackt. Esou eng ICMA-Nominatioun spillt fir d'Kënschtler an och fir déi 119 Labelen, déi am Renne sinn, an hirem Curriculum eng wichteg Roll.
D'International Classical Music Awards vergi Präisser a 15 Kategorien - vun aler Musek iwwer Solo Instrumental, Chouer, Concerto a Symphonie bis bei Nei Musek.
Wien 2017 ee Präis kritt, steet den 20. Januar d’nächst Joer fest. D'Präisiwwerreechung an de Concert mat de Laureaten ass den 1. Abrëll 2017 zu Leipzig mam Gewandhausorchester ënnert der Leedung vum Francesco Angelico.