Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lidder fir roueg Stonnen

Gregor Meyle

Lidder fir roueg Stonnen

Dem däitsche Songwriter Gregor Meyle säi fënneften an neien Album heescht "Die Leichtigkeit des Seins". Hie proposéiert zéng Lidder wou virun allem vu Gléck, Frëndschaft a Léift erzielt gëtt.

auto_stories

3 min

Gregor Meyle (Foto: Sebastian Sach)

De Gregor Meyle krut mat véier Joer seng éischt Gittar. Hien huet spéider an enger Guns N' Roses-Coverband gespillt a mat 16 Joer seng éischt eege Band gegrënnt. Datt Musek eng Kéier de Mëttelpunkt vu sengem Liewe sollt ginn, huet hie wuel ëmmer gehofft, awer net wierklech dru gegleeft.

Wéi esou vill Anerer ass de Gregor Meyle och de Wee vun enger Casting-Show gaangen. Hie koum zimlech wäit, ouni awer ze gewannen. Dunn huet hie säi Gléck a säi Kënne selwer an d'Hand geholl an u senger Musek geschafft. Ee Sprangbriet fir d'Karriär war seng Participatioun am Xavier Naidoo senger Show "Sing meinen Song - Das Tauschkonzert". Mëttlerweil ass de Gregor Meyle beim fënneften Album ukomm.

"Et gëtt alles gutt"

"Die Leichtigkeit des Seins" ass een Album wou de Gregor Meyle säin Häerz schwätze léisst. Am Fong léisst hien den Nolauschterer iergendwéi a säin Häerz era kucken. Zéng Lidder erziele vu Gléck, Frëndschaft an natierlech och vun der Léift. A scho mam éischten Titel séngt hien iwwert dee Gedanken, deen am Fong de roude Fuedem duerch de ganzen Album ass: "Alles wird gut"

Dem Gregor Meyle seng Texter hunn eng grouss sproochlech Qualitéit, et si Sätz a sengen Texter déi engem am Kapp hänke bleiwen. Wéi am Titelsong "Die Leichtigkeit des Seins" déi éischt zwou Zeilen: "Siehst du die Schönheit des Planeten und du bist auch ein Teil davon". De Gregor Meyle séngt iwwert déi wichteg Saachen am Liewen. An virun allem dovun, datt mir eis ëmmer nees misste bewosst sinn, wéi ee Gléck et ass kënnen a Fridden ze liewen. Wat net fir all d'Mënschen op der Welt de Fall ass.

En Album fir roueg Stonnen

"Die Leichtigkeit dee Seins" ass een Album fir a Rou ze lauschteren, an déi diversifiéiert Museksaflëss op sech wierken ze loossen. Mol gëtt de Gesang begleet vu Sträicher, mol just vu Piano oder Gittar, Hammonduergel. Mol ass d'Musek iresch ugehaucht wéi beim Song "Pack dein Scheiss".

Eenzege Bemol um Album ass dem Gregor Meyle säin Duett mam Xavier Naidoo "Soweit so gut". Déi zwou Stëmme passen einfach net beieneen. En zweeten Duett mam britesche Songwriter Charlie Winston mam Titel "Real True Friends" ass awer extrem gutt gelongen. Hei spiert een d'Frëndschaft tëscht deenen zwee Museker, déi sech bei engem Projet mat Flüchtlingen kennegeléiert hunn. "Die Leichtigekeit des Seins" ass en Album fir roueg Stonnen, fir ze dreemen a fir nozedenken. Favorit um Album ass den Titel "Die Tapfere", wou de Gregor Meyle en Hommage fir all Mamme realiséiert huet.


"Die Leichtigkeit des Seins" vum däitsche Songwriter Gregor Meyle ass bei "meylemusic" erauskomm. En ass ven Album vun der Woch vum 12. bis de 18. Dezember. Méi Informatioune ginn et op gregor-meyle.de