Radioen

On air

Al Schanken  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Linda Clifford - Never Gonna Stop

Sample vun der Woch

Linda Clifford - Never Gonna Stop

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Linda Clifford ass eng R'n'B-, Disco- an House-Musek-Sängerin a Schauspillerin.

Dëst Lidd staamt vun hirem véierten Album "Here's My Love" vun 1979. An deem Joer huet si souguer zwee Albumen erausbruecht. Den Album ass ënner anerem vum Curtis Mayfield produzéiert a si schaaft eng gutt Balance tëschent danzbarem Disco a soulfulle Lidder.

Si hat mat deem Album elo net wierklech den Duerchbroch, hir Lidder ginn dacks als ze propper bezeechent.

1996 huet den 2Pac den Sample benotzt, an zwar fir säi Lidd "All Eyez On Me".

Dat Lidd staamt vum duebelen Album "All Eyez On Me", deen op Death Row Records erauskoum. Dat war säi véierten Album an dee leschte viru sengem Doud. Hie luet op dësem Lidd de Rapper Big Skye vu senger anerer Grupp The Outlaw Immortalz an. D'Produktioun ass vun Johnny J, dee ganzer eelef vun 27 Tracken op dëser duebeler CD gemaach huet. Vill Leit bezeechnen deen Album als een vun deene beschte Rap Albumen ever. Op dësem Lidd erzielt den 2Pac säi Liewen nom Prison ("All Eyez On Me"), wéi jiddweree kuckt, wat hien mécht: Police, Fans, Hater, Fraen, a souguer den FBI.

E puer Méint drop ass dann och dat heite Lidd erauskomm: "Streetdreams" vum Rapper Nas. Dat war op sengem zweete Album, et war déi zweet Maxi. Den Album heescht "It Was Written". Hie benotzt dee selwechte Sample, mee hie verschafft en e bëssen anescht. D'Produktioun ass vun Trackmasters, a hie mixt souguer e Stéck vun Eurythmics "Sweet Dreams" mat a säin Refrain. Hien erzielt hei vun engem Drogekartell zu Las Vegas, an dee ganze Video ass eng Hommage un de Film "Casino" vun Scorcese. De Clip ass gedréit vun Hype Williams, an am Clip gesäit ee souguer eng séier Apparitioun vum "Casino"-Schauspiller Frank Vincent.