Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  Nikki Ninja - Eureka

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Lonelady - Former Things

Album vun der Woch

Lonelady - Former Things

D'Musek op "Former Things" danzt wéi d'Paula Abdul a funkt wéi de Prince - Anxiétéitsberoueger fir Leit, déi a kuerzer Zäit scheinbar esou vill Vergaangenheet ugesammelt hunn, datt eng Maschett aus de Mëtt 80er grad richteg kënnt fir een Tunnel duerch den Dschungel ze schloen.

auto_stories

4 min

Wou ech fir d'éischt iwwer d'Sortie vun dëser Plack gelies hunn, stoung do eppes iwwer Postpunk Sound ongeféier Anno 1979, gemëscht mat Disco-Straicher. Am éischten Titel, dee mir zu Ouere koum, ech mengen et war dat exzellent "There Is No Logic" war ech allerdéngs iwwerzeegt, ee ganz änlechen Disco Tom ze héieren, wéi um Whitney Houston sengem "I Wanna Dance With Somebody" vun 1987 héieren hunn.

Réckbléckend ass et heiansdo net esou evident, de geneeën Alter vu verschiddene Saachen am Kapp ze behalen. Als Mann vun engem gewëssenen Alter ass et wuel normal, datt a menger Kichen eng Jus-Press äus den 80er, e Stëbssuckeler aus den 2000er, 70s-Eeërdëppercher an een Hoodie aus den 90er sech dee selwechten Espace deelen. Firwat dat selwecht an der Musek? Firwat deen iwwerall presente Retro-Trend? A wat, wann ech gelift, géifen déi Jonk, déi um Bols vun der neister Musek pechen, sech fir esou Floumaartkläng interesséieren?

Wéi si mir hei ukomm?

Sozialwëssenschaftler, déi schonns ëmmer ee besonnescht A op d'Popmusek als Zeeche vun der Zäit haten, géife villäicht drop hiweisen, datt nach seele virdrun eis Liewensweis sech esou verännert a beschleunegt huet wéi an der digitaler Revolutioun. Téin vu gëschter a virgëschter hëllefen an dëser Logik, d'Fro ze beäntwerten, wéi mir dann hei ukomm sinn. Gläichzäiteg erlaabt dës liicht nostalgesch Mouvance et, déi scheinbar schnell verfléiend Joerzéngten nach ee Moment laang festzehalen, an aus deene villen Interkonnektiounen an eiser haiteger Welt, déi erauszefëschen, déi an eng Vergaangenheet féieren, déi nach ee Soupçon vu Familiaritéit vermëttelen, déi Geschichtenerzielen nach méiglech maachen am Ozean vun Daten a Messagen a Reaktiounen, a Reaktiounen op Reaktiounen.

D'Julie Campbell vu Manchester, Songwriterin a Fra hanner dem Projet LoneLady, illustréiert dëse Punkt wann si dem Magazinn NME an engem Interview vun hirem 10 Joer ale Yamaha Keyboard erzielt, dee si huet zanter datt si 10 Joer al ass, an dee wuel 30 Pond wäert ass. "Et ass mäi Liiblingsstéck Material. Et ass de Klang vu menger Kandheet, an ech wäert e fir ëmmer halen. E wäert fir ëmmer mat de grousse Jongen, mengen Artp a Korg-Synthesizer, matspillen." Och den NME-Journalist follegt de Spuren an d'Vergaangenheet, a fënnt Aflëss vun New Order hirem Movement, Cabaret Voltaire hirem "Drinking Gasoline", La Roux an Neneh Cherry op dëser neier Plack.

Trotz Retro-Ästhetik setzt den Album Zeechen

"Ech hu vill iwwer d'Distanz tëschent deemools an haut nogeduecht" beschreift d'LoneLady hire Schreifprozess, deen an engem einsame Bunker ënner dem Somerset House zu London ganz am Eeklang mat hirem Pseudonym ugefaangen huet. An enger Welt, déi sech a villen Hisiichte fragmentéiert, ass d'Zeréckfannen zu de formativen Experienzen eng Viraussetzung fir weider ze goen.

Hir lescht Plack "Hinterland", erauskomm viru 6 Joer, war u Psychogeographie ugeleent an huet sech iwwer d'Effekter vun urbanen Emfelder interrogéiert. "Former Things" ass eng änlech Analys, déi Kéier net iwwer d'Evolutioun vum Raumgefill, mee déi vun eisem Zäitgefill. Wann alles Dat Iech elo iwwerméisseg intellektuell erschéngt, dann iert iech net: Former Things ass eng iwwerraschend direkt a spaasseg Plack. Der Nostalgie vun den Texter wierkt hei genee dat entgéint, wat jo sollt entschlësselt ginn: de Schëtt zeréck an een onbefaangenen, direkten Ausdrock vun enger haiteger Liewenserfarung, deen eréischt no enger Erfuerschung vun Nostalgiegefiller erëm fräi fléisse kann.

D'Musek op Former Things danzt wéi d'Paula Abdul a funkt wéi de Prince - Anxiétéitsberoueger fir Leit, déi a kuerzer Zäit scheinbar esou vill Vergaangenheet ugesammelt hunn, datt eng Maschett aus de Mëtt 80er grad richteg kënnt, fir een Tunnel duerch den Dschungel ze schloen. Dëst mécht "Former Things" op bal perfekt Manéier, a setzt domat trotz Retro-Ästhetik Zeechen, déi all op haut weisen.