Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Secular Hymns" vum Madeleine Peyroux

Album vun der Woch

"Secular Hymns" vum Madeleine Peyroux

"Secular Hymns" heescht eisen neien Album vun der Woch, e kënnt vun der Amerikanerin Madeleine Peyroux. De Motto: "Manner ass méi". Déi zéng Titelen si gréisstendeels akustesch, opgeholl an enger Kierch.

auto_stories

2 min

"Secular Hymns": Vu Songwriting iwwer Blues an Tango bis Dub a Funk ass alles derbäi (Photo: Shervin Lainez)

Nee, d’Madeleine Peyroux ass nu wierklech net d’Interpretin vun den haarden a rauen Téin. Mee dat hat jo eigentlech och keen erwaart, och wann tëscht hirem leschten Album an dem neie "Secular Hymns" e puer Joer vergaange sinn.

Dezent am Trio presentéiert sech déi 42 Joer al Amerikanerin, opgeholl guef den Album aus enger Kierch aus dem 11. Joerhonnert. Deemools waren d’Zäite wuel méi rau, mee d’Madeleine Peyroux ass et net a setzt um neie Wierk weiderhin op de "manner ass méi": Op entspaanten Arrangementer an op eng Partie Coverversiounen, op Kollegen deenen hir Kompositiounen si iwwerhëlt an déi si mat musikalescher Liichtegkeet an Onbeschwéiertheet un de Nolauschterer bréngt.

Wien elo Jazzstandarden drop an derwidder erwaart, dee läit falsch: op "Secular Hymns" geet et queesch duerch de musikalesche Gaart mat Kompositioune vun, ënner anerem, dem Willie Dixon, Allen Toussaint, Townes van Zant, Lindon Kwesi Johnson, Tom Waits. Vu Songwriting iwwer Blues an Tango bis Dub a Funk ass alles derbäi, alles zerwéiert vu Stëmm, Gittar a Bass, net méi. Mee dat geet duer fir der Interpretin hier Versioune vun dëse Lidder z'erlaben.

Keng Jazz-Puriste-Plack

"Musek ass eist spirituellt Liewen" seet d’Madeleine Peyroux. Den Abléck deen si op "Secular Hymns" proposéiert ass ni iwwerlueden. Liicht an och alt emol onkonventionell arrangéiert, interpretéiert si esou zéng gréisstendeels akustesch Lidder – elektresch gëtt d’Gittar ganz seelen.

Fir mech hätten et där Lidder duerchaus e puer méi kënne sinn, eng déck hallef Stonn schéngt mer dach e bëssche kuerz fir esou e Wierk ze sinn. Et sief: dat hei ass definitiv an absolut keng Jazz-Puriste-Plack. Iwwerhaapt ass d’Etikett Jazz just eng vu villen déi passt op dëse Madeleine Peyroux-Album – iwwregens ouni eng eenzeg Eegekompositioun vun hier. An dach ass "Secular Hymns" typesch Madeleine Peyroux – net sakral mee cool an der Kierch kéint ee soen.