Radioen

On air

Notturno  |  Audiopsy - Orwell

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Net nëmme fir Spezialisten

International Classical Music Awards

Net nëmme fir Spezialisten

De Marc Lewon a säin Ensemble "Leones" kruten dëst Joer bei den International Classical Music Awards (ICMA) de Präis fir déi beschten CD-Produktioun an der Kategorie „Early Music“. Am 100,7-Interview erkläert hien, wat him un der fréier Musek gefällt.

auto_stories

14 min

De Mark Lewon (riets) krut de Präis vum 100,7-Journalist Guy Engels iwwerreecht (© San Sebastian 2016)

De Begrëff al Musek huet net onbedéngt dem Marc Lewon seng Sympathien. De Spezialist fir d’Musek aus dem Mëttelalter an der Renaissance schwätzt léiwer vu fréier Musek - och wann dësen Ausdrock sech am allgemenge Sproochgebrauch net kann duerchsetzen. De Marc Lewon a säin Ensemble „Leoneskruten dëst Joer bei den International Classical Musica Awards (ICMA) de Präis fir déi beschten CD-Produktioun an der Kategorie „Early Music“.

„Fréi Musek kléngt einfach méi positiv ewéi al Musek. Fréi Musek ass eppes, wat nach entsteet, wat nei ass“, seet de Marc Lewon. Chronologesch gesinn, geet de Musikolog an Lautenist zeréck an d’9. Joerhonnert - fir d’Vokalmusek - an an d’12./13.Joerhonnert bei der Instrumentalmusek. „Fir mech ass den Ufank vun der westlecher Noutenschrëft, den Neumen, den Ausgangspunkt.“ Mir sinn an der Zäit vum gregorianesche Choral, wou vill Melodien schrëftlech iwwerliwwert sinn.

Fir déi fréi Musek stellt sech generell d’Fro vun de Quellen, vun der Dokumentatioun. Et gëtt nach keng Partituren, wéi mer se aus spéideren Perioden kennen. D’Musikologen an och d’Interpreten mussen op méi Quellen zeréckgräifen: Biller, historesch Berichter, zäitgenëssesch Erzielungen. Sie liwweren Indicen, wéi d’Musek déi Zäit kéint opgefouert, wéi se kéint geklongen hunn.

Fuerschergeescht

„An där Zäit gouf et keng Virschrëften, wéi Musek sollt opgefouert ginn. Villes baséiert op Improvisatiounen“, seet de Marc Lewon. Während et bei der sougenannter Konschtmusek mëttlerweil eenegermoossen geséchert Erkenntnisser gëtt, läit de ganze Beräich vun der Volleksmusek nach brooch. Eng wichteg Upak ass d’Sprooch. Musek ouni Text gëtt et an där Period net.

Grad ewéi bei den Nouten, ass och bei den Instrumenter Virwëtz a Fuerschergeescht gefrot.  „Och hei gëtt et ëmmer nei Entdeckungen“, stellt de Marc Lewon fest. „Bei den Instrumenter gouf et zum Beispill d’Bauweis aus engem eenzegen Stéck Holz. Sie huet een Afloss op de Klang, dee bei esou Instrumenter méi staark ass, méi wäit dréit, awer manner ronn kéngt.“  An dësem Domaine si Biller, Illustratiounen eng wichteg  Hëllef. „Mir  vergläichen Zeechnungen aus der Zäit, aus ënnerschiddleche Regiounen a sichen no Gemeinsamkeeten.“ Esou schielt sech dann eraus, wéi d’Bauweis vun engem Instrument kéint gewiescht sinn.

Wann een dann d’Instrument rekonstruéiert huet, muss een och nach léieren, wéi et gespillt gëtt. „D’Memberen vum Ensemble Leones kommen vun aktuellen Instrumenter a ginn dann an der Zäit zeréck. Vill Techniken vun haut loosse sech adaptéieren. An awer muss een ëmmer oppassen a sech dem Stil vun der Zäit upassen.“

Sprooch ass élémentaire

De Marc Lewon huet eng duebel Formatioun als Altgermanist a Musikolog, déi ëm a senger Aarbecht zegutt kënnt. Déi fréi Musek muss nämlech vrun allem vun der Sprooch hir geduecht ginn. „Musek war vum 9. Jorhonnert un ëmmer mat Sprooch, mat Literature verbonnen.

De Rhythmus an de Klang vun der Sprooch hunn de Klang d’Melodie bestëmmt.“  Am Ensemble Leones gëtt et fir all Sprooch ee Spezialist, well Mëttelhéichdäitsch, Burgundesch, Provenzalesch a Latäin haten ganz aner Auswierkungen op d’Melodie. Vum Duktus vun der Sprooch si Réckschlëss op de Klang ze zéien.

All CD-Produktioun ass eigentlech d’Fortsetzung oder d’Resultat vun engem Fuerschungsprojet. Duerzou gehéiert och d’Editioun vun Noutematerial. An och hei gëllt, datt net alles eendeiteg ass. De Marc Lewon nennt d’Beispill vum „Lochamer-Liederbuch“. „Mëttelalterlech Noutentexter sinn ëmmer ambivalent. Sie mussen interpretéiert, am Kontext vun hirer Zäit gelies ginn. Um Enn muss ech als Fuerscher eng Decisioun huelen. Ech liwweren awer fir  all Stéck ee Commentaire mat Problemer a Froen, wou een och anescht hätt kënnen entscheeden.“

Demande um CD-Maart

Fréi Musek verkeeft sech gutt. Den Ensemble Leones produzéiert pro Joer op d’mannst eng nei Opnam - zäitweis och alt emol zwou.  „Mir sinn dobäi net déi eenzeg um Maart“, stellt de Marc Lewon fest. „D’Labelen froen no neiem Repertoire, no bis dato onbekannter Musek. An et gëtt nach vill Nieweweeër, déi spannend sinn.“

Déi fréi Musek ass och net onbedéngt eppes reng fir Spezialisten. Sie schwätzt antëscht ee breede Public un. „Dëslescht hate mer eng Serie Concerten a klengen Schwäizer Kierchen, wou virun allem d’Leit aus den Dierfer koumen - ee Public ouni Virwëssen. Bei spezialiséierten Festivalen ass dat natierlech ganz anescht. do kommen Experten matt bestëmmte Virstellungen an Erwaardungen.“ Dat beschte Luef krut de Marc Lewon allerdéngs vun engem gudde Frënd, deen net wosst, wat en eigentlech sollt soen. Um Enn housch et: „Ech hunn et einfach gutt fonnt.“

ICMA-Präis: Eng Confirmatioun

Mat enger Nominatioun bei den International Classical Music Awards fir d’CDHör, kristenhait!“ an dem Präis an der Kategorie „Early Music“ fir „Argentum et Aurum“ fillen de Marc Lewon a säin Ensemble Leones sech an hirer Aarbecht bestätegt. „Virun allem d’Begrënnung vum Jury (an deem de Radio 100,7 och Member ass) freet mech, well se dat ausdréckt, wat mer wëllen erreechen: authentesch, ongekënschtelt den original Klang erëmginn.“

D'Gespréich vum Guy Engels mam Marc Lewon:

ICMA: Ee Marché a Beweegung

De Marché vun der Klassik-CD verännert sech. Et sinn net méi déi grouss Labelen, déi den Toun uginn. D’Musek spillt bei mëttleren a klenge Produzenten, bei de Kënschtler an den Orchesteren. Dësen Trend schléit sech och am Resultat vun den International Classical Music Awards néier. D’Präisiwwerreechung an d’Gala-Soirée 2016 waren zu San Sebastian - am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad 2016.

364 Nominatioune fir deen éischten Tour de Vote, um Enn sti 15 Gewënner. De Choix vun de 16 Jurysmemberen - Vertrieder vu FachzäitschrëftenInternetplattformen a Radioen, dorënner de Radio 100,7 - huet den allgemengen Trend confirméiert: déi gudd Produktiounen kommen nëmmen nach sielen aus de groussen Haiser. „Déi hunn doudsécher méi performant Marketingdepartementer, déi derfir suergen, datt een Disque an d’Gespréich kënnt. Dat muss awer net onbedéngt heeschen, datt en och gutt ass“, sot de President vun den International Classical Music Awards (ICMA), de Remy Franck, bei der Präisiwwerreechung.

Generell mussen d’Kënschtler souwisou eng Virleeschtung liwweren, hir Opnam selwer finanzéieren an da kucken, ee Label, een Distributeur ze fannen. Firwat also net direkt selwer déi ganz Produktioun am eegenen Numm erausbréngen? Esou huet den Interpret alles selwer ënner Kontroll - vun der Musek an dem Toun bis bei de Booklet an d’Publicitéit.

Een ähnlechen Wee ginn och vill Orchesteren, déi hauseegen Labelen grënnen a sech selwer vermaarten.


Nach ëmmer eng staark Bühnepräsenz - Dame Felicity Lott, Laureatin vum Präis fir d’Liewenswierk  (© San Sebastian 2016)

Vu Savall bis bei d’Berliner Philharmoniker

Dee katalaneschen Gambist a Spezialist vun der aler Musek, de Jordi Savall, hat schonn Enn der 90er Joren erkannt, wéi d’Saach sech géif entwéckelen. En huet säi Label Alia Vox gegrënnt an dëst Joer fir d’Anthologie „Guerre et Paix“ een ICMA-Präis krut. Och d’Blockflüttistin Michala Petri huet sech op eege Féiss gestallt (OUR Recordings), grad ewéi d’Berliner Philharmoniker an de Philippe Herreweghe (PHI). Hir Produktiounen gehéieren zu deene beschten vum Cru 2016.

Natierlech koumen och grouss Musekerperséinlechkeeten zu Éieren -  Dirigenten Dimitri Kitajenko a Simon Rattle, d’Geiistin Isabelle Faust, d’Sopranistin Joyce di Donato, d’Pianisten Andras Schiff, Yevgeni Sudbin, Alexander Melnikov. Hir Opnamen koumen bei kengem vun de sougenannten Majors eraus a goufen och net opgrond vu Verkafszuelen mat engem Präis belount.

Galasoirée mam Euskadiko Orkestra

​Den Euskadiko Orkestra, de baskeschen Nationalorchester ass nach eng relativ jonk Institutioun. E gouf eréischt 1982 gegrënnt. An engem Land, wou d’Musek generell eng grouss Roll spillt, gouf et ee Besoin fir ee Symphonieorchester. D’Chiffren ginn den Decideuren vu virun iwwer 30 Joer Recht. Den Euskadiko Orkestra huet haut ronn 7000 Abonnenten an ëm déi 150000 Visiteuren pro Saison. Obschonns den Orchester zu San Sebastian doheem ass, huet en eng regional Aufgab ze erfëllen. En assuméiert pro Saison 4 Concertsreien: zu San Sebastian, zu Pamplona, zu Bilbao an zu Vitoria, der Haaptstad vun der autonomer Regioun Baskeland.

Chefdirigent ass am Ablack de Münchner Jun Märkl. Hien och d’Galasoirée vun den International Classical Music Awards am „Kursaal“ zu San Sebastian dirigéiert. Et war een Owend, wou eng ganz Rëtsch vun de Lauréaten opgetruede sinn: Dame Felicity Lott (Präis fir d’Liewenswierk), den Trombonist Christian Lindberg (Kënschtler vum Joer), den Cellist Pablo Ferrandez (Young Artist of the Year) oder och nach deen 13jäeregen Flüttist Nikolai Song (Discovery Award).

2017 sinn d’International Classical Music Awards Invité vum Gewandhausorchester zu Leipzig.