Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sample vun der Woch: Intim, mee classy

Marvin Gaye - After the Dance

Sample vun der Woch: Intim, mee classy

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

Dem Marvin Gaye säin erfollegräichen Album "I Want You" koum 1976 bei Tamla eraus, engem Ënnerlabel vu Motown. Et war säi 14. Studio-Album, ee ganz gelongenen Nofollger vu "Lets Get It On". De Stil kann een als fréien Disco Konzept-Album bezeechnen, wat och gläichzäiteg e Richtungswiessel fir de Gaye bedeit.

Hie léisst effektiv säin urspréngleche Motown-Sound hanner sech a beweegt sech éischter a Richtung Disco. De ganzen Album ass produzéiert vum Leon Ware an erzielt d'Libesgeschicht tëschent dem Gaye a senger zukünfteger Fra, der Janis Hunter.

Et geet hei haaptsächlech dorëms, wärend dem ganze Konzept-Album op eng cinematographesch Aart a Weis eng lues Downtempo-Atmosphär ze beschreiwen. D'Theeme sinn all erotesch an den Album moolt hei Biller vu Late night Club-Stëmmung.

De Gaye beschreift duerch duuss Synthesizer-Texturen eng intim Situatioun, wéi zwee Leit sech progressiv ëmmer méi nokommen. De Gaye weist sech vulnerabel a verléift a mécht eis d'Dieren zu senger Privatsphär op. Mee hie bleift ëmmer classy a graziéis, obwuel hien déi intiimst Theemen uschwätzt.

Vill Deeler vum Gaye sengem Album goufen am Hip-Hop gesampelt. D'Lidd "After the Dance (vocal)" war déi zweet Single vum Album a war zur Zäit vu senger Sortie net esou erfollegräich a gouf eréischt méi spéit zum Klassiker.

"After the Dance" huet et bis op d'Lidd "With Me" vum fënneften Album vun DeLaSoul gepackt, deen "Art Official Intelligence: Mosaic Thump" geheescht huet. Den Album huet de grousse Retour vun DeLaSoul am Joer 2001 gefeiert a gëtt duerch seng dezent Villsäitegkeet universell als ganz gelongen ugesinn.

En anert Beispill ass d'Lidd "Play On Playa (feat. Snoop Dogg)" vum Rapper Nas. Dat war op sengem Album "Hip Hop Is Dead" vun 2006.

Erstaunlecher Weis mécht souguer d'Grupp "The Isley Brothers" dem Gaye en Hommage op hirem spéiden Hit "Move Your Body" vun 2001.