Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Minimalistesch, melodiéis a subtil arrangéiert

This is the Kit

Minimalistesch, melodiéis a subtil arrangéiert

"Moonshine Freeze" heescht déi nei Plack vum englesche Projet "This Is The Kit". Et héiert een, wéi d'Formatioun méi subtil a selbstbewosst ginn ass. D'Kate Stables ass perfekt zentréiert a gëtt mat vill Kreativitéit musikalesch encadréiert.

auto_stories

2 min

D'Ufäng vun der Kate Stables hirem Projet ware relativ klassesch. Mat enger ordinärer akustescher Gittar an duussem Gesank. 2006, ass "This Is The Kit" op enger moderner Folk-Musek-Kompilatioun déi éischte Kéier mam Stéck "Two Wooden Spoons" opgefall. Op der neier Plack "Moonshine Freeze" héiert een, wéi d'Band méi subtil a selbstbewosst ginn ass. D'Kate Stables ass perfekt zentréiert a gëtt mat vill Kreativitéit musikalesch encadréiert.

Dem alternative Folk Genre gerecht, steet eng einfach Gittar oder souguer Banjo-Gittar dacks am Mëttelpunkt. Wat erausstécht, ass d'Manéier an där d'Stécker arrangéiert goufen. Mat Sträicher, Bléiser, Synthie oder och engem frenetesche Saxophon.

Motiver, déi sech widderhuelen

Nieft der spillerescher Instrumentatioun charméiert der Kate Stables hir natierlech an éierlech Stëmm, déi engem duerch de besonnesche Mix direkt an d'Ouer ze sange schéngt. Hir Stëmm ass duerch déi filigran Verzierungen an der britescher Folk-Traditioun verankert. Awer si klengt genee sou zäitlos. D'Melodien an d'Instrumenter schéngen um neien Album am Krees ze dréien. Alles fléisst wonnerschéin aneneen, mat minimalistesche Sequenzen a Motiver, déi sech widderhuelen.

Déi duuss gezupfte Gittar erënnert liicht un de Sufjan Stevens. Dat ass och keen Zoufall. "This Is The Kit", an den amerikanesche Singer-Songwriter hu sech an der Vergaangenheet Museker gedeelt. Donieft krut d'Kate Stables op "Moonshine Freeze" Hëllef vum Aaron Dessner vun "The National", deem säin Zwillingsbrudder viru kuerzem de kosmeschen Album "Planetarium" zesumme mam Sufjan Stevens opgeholl huet. Den Aaron Dessner héiert een op der Synthie-Gittar a Piano. Hie verhëlleft der Musek zu enger gewësser Melancholie.

Minimalistesch an immens melodiéis

D'Kate Stables gëtt nieft dem John Parish an Aaron Dessner awer och vun hirer gewéinlecher Backing-Band begleet. Der Rozi Plain, dem Jamie Whitby-Coles an dem Neil Smith, déi den originelle Klang vun "This Is The Kit" markéieren. D'Stécker ziele poetesch Geschichte vum mënschleche Verhalen, vu Geheimnisser a vum modernen Alldag.

Donieft schéngt d'Kate Stables eng Léift fir Mathematik ze hunn. Ëmmer nees dauchen Zifferen a mysteriéise Formullen op. "Moonshine Freeze" ass bei "Rough Trade Records" verëffentlecht ginn a gouf d'lescht Joer am November zu Bristol an den "Invada Studios" opgeholl. D'Kate Stables verbréngt hir Zäit tëscht dëser Stad am Süd Weste vun England an zu Paräis. Hir nei Plack ass delikat an dreemeresch zesummegeflecht, deels minimalistesch an immens melodiéis.

Wien "This Is The Kit" live erliewe wëll, ka si de 4. November am Gudde Wëllen erliewen.