Radioen

On air

De Moien  |  Moiespanorama

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir si keng Zauberer"

Musek-Export

"Mir si keng Zauberer"

D’Aurélie Fontaine ass zënter kuerzem déi nei Project-Managerin vu "Music: LX". Wat sinn hir Aufgaben, wéi fonctionnéiert de Lëtzebuerger Export-Bureau a wéi kann een als Kënschtler gefërdert ginn an international Fouss faassen?

auto_stories

2 min

D'Aurélie Fontaine schafft zënter sechs Méint bei "Music: LX"

Music: LX ass de Lëtzebuerger Export-Bureau fir Musek. D'Aurelie Fontaine erkläert, wéi eng Aufgabe Music:LX huet "Ech këmmere mech zum Beispill ëm alles wat déi international Entwécklung vu Kënschtler ubelaangt: Promotioun, Booking, Alles wat dozou gehéiert, wann eng Formatioun wëll international erfollegräich sinn."

Donieft organiséiert d'Aurélie Fontaine Events, déi Lëtzebuerger Artisten am Ausland bekannt maache sollen. Dës Evenementer nenne sech "Luxembourg Sounds Like" an et gëtt si zum Beispill zu Hamburg, Paräis, Bréissel oder Berlin. Donieft géif awer och mat grousse Festivaler zesumme geschafft ginn, erzielt d'Project-Managerin.

Kënschtler international bekannt maachen

Den Export-Bureau ënnerstëtzt Kënschtler och finanziell a representéiert all d'Lëtzebuerger Museksformatiounen. "Et gi keng Membere bei Music: LX", erkläert d'Aurélie Fontaine.

Fir Ënnerstëtzung ze kréien, misste si awer gewësse Konditiounen erfëllen. "D'Museker mussen zu Lëtzebuerg bekannt sinn a schonn éischt Schrëtt op internationalem Niveau gemaach hunn. A si musse professionell betreit ginn, also zum Beispill ee Manager hunn."

Dat wier d'Basis, mat där ee kéint schaffen. D'Artiste misste Music:LX iwwert hir Aktivitéiten um Lafenden halen. "Mir si keng Zauberer. Ouni dat kënne mir näischt maachen."

Kee Mainstream

Der gebierteger Franséisin no fonctionnéiert d'Musek-Zeen zu Lëtzebuerg ganz anescht wéi a Frankräich. Et géif manner Museker ginn. Dofir kéint ee vill méi enk mat den Artisten zesumme schaffen. Zu Lëtzebuerg géifen et virun allem Nische-Kënschtler ginn. "Et ginn immens talentéiert Museker a si hunn e grousse Potential, mee fir Nischemäert."

D'Lëtzebuerger Festivaler géifen de Lëtzebuerger Kënschtler eng gutt Plattform bidden. Och si selwer géif hei ëmmer nees nei Artisten entdecken. Zwee perséinlech Coup de Cœure vun der Aurélie Fontaine sinn "Napoleon Gold" an "EDSUN".

Si selwer mécht och Musek an huet virun hirer Aufgab bei "Music: LX" fir dee franséischen Export-Bureau geschafft." Ech hunn ee Joer zu Paräis geschafft a sinn dunn eriwwer op Tokyo gaangen." Duerno huet si zu Colmar fir e Museksfestival geschafft.

Zënter sechs Méint ass si elo bei "Music: LX". "An et klappt gutt", sou d’Aurélie Fontaine.

Gespréich mam Aurélie Fontaineplay_arrow