Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Mildlife - Yourself

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Mir wëlle keen U2"

Entomdeb A.D.

"Mir wëlle keen U2"

Déi schwedesch Band "Entombed" huet sech 2014 nei forméiert an nennt sech zanter deem "Entombed A.D." D'Formatioun huet ënnert anerem en neie Gittarist. Mir hunn d'Band um Wacken Open Air Festival begéint.

auto_stories

2 min

Och wann d'Band e neien Numm hätt, hätt sech d'Musek net geännert, soen d'Memberen.

Am Februar huet "Entombed A.D." en neien Album mam Titel "Dead Dawn" erausbruecht. D'Fans wiere mam Album zefridde gewiescht, esou d'Bandmemberen, Et géing awer kee groussen Ënnerscheed tëscht den neien an den ale Saache ginn. "Wa mir en Album maachen, ass et en Entombed-Album". Och wann d'Band sech zanter kuerzem géing "Entombed A.D." nennen. Dat wier just eng Weiderentwécklung, seet de Sänger LG Petrov. "Wann een zënter 27 Joer spillt, da gi Leit an et komme Leit bäi. Mee mir sinn nach ëmmer do."

D'Fans wieren zefridde mam neien Album an den neie Gitarrist Guilherme Miranda géing gutt an d'Band passen. Hie fillt sech wuel an der Formatioun, d'Zesummenaarbecht géing Spaass maachen. Et wier einfach eppes ëmzesetzen, wa jiddwer Member déi selwecht Virstellungen hätt, mengt och den LG Petrov. "Wat mir maachen ass spillen. Du bréngs Opnamen eraus an du gees op Tour. Et gëtt soss näischt."

Ass Wacken Mainstream?

Eng Statioun vun hirer Tour war de Wacken Festival Uganks August. Do ze spillen, wier ëmmer erëm eng gutt Erfahrung. D'Band spillt gär op Festivaler. Si géingen do Leit aus dem Public erëmgesinn, fir déi si schonn op anere Concerte gespillt hätten. Wacken wier immens international. "Et gesäit een d'Fändelen, gesäit vu wou d'Leit kommen an et erkennt ee si erëm", erzielt de Guilherme Miranda.

D'Kritiken datt de Wacken Open Air Festival ze vill "mainstream" wier, kënnen déi zwee Bandmemberen net novollzéien. De Festival wier eng Institutioun, fënnt den LG Petrov. Wann de Festival Sonndes eriwwer wier, da wier e Méindes scho fir dat Joer drop ausverkaaft. "Ech gesinn de Wacken-Underground hei. Et kéint een och U2 alueden, dat ass Rock. Mee mir wëllen hei keen U2." Wacken géing weisen, datt ee keng Mainstream-Bands invitéiere misst fir Leit zesummen ze kréien. D'Leit wiere frou do, seet den LG Petrov, egal wat fir eng Band géing spillen.