Klassik-CD vun der Woch Molter, Bodinus, Schiatti & Co.

"Molters Miniatur-Opern & Kammermusik vom Karlsruher Hof" ass den aktuellen Disk vun der Hof-Capelle Carlsruhe. D'Dirigentin an Cembalistin Kirstin Kares huet Stécker zesummegestallt, deenen hir Manuskripter si ënnert anerem an der Badescher Landesbibliothek entdeckt huet. Dorënner si Wierker vun de Komponiste Johann Melchior Molter, Sebastian Bodinus, Giacinto Schiatti a Friedrich Schwindl. Komponisten, déi sech lounen entdeckt ze ginn, an deenen hir Wierker en interessanten Abléck an d'Museksliewe um Karlsruher Haff ginn.

Luc Boentges

Molters Miniatur-Opern

CD: Molters Miniatur-Opern & Kammermusik vum Karlsruher Hof

Label: hänssler CLASSIC

Wierker vun de Komponiste Johann Melchior Molter, Sebastian Bodinus, Giacinto Schiatti, Freidrich Schwindl a Joseph Aloys Schmittbaur

Interpreten: Hof-Capelle Carlsruhe, Kirstin Kares (Dir.)

Interpretatioun:
Klangqualitéit:

An der Musekswëssenschaft ginn et well esou vill Analysen, Biographien a Fuerschungsprojeten iwwert déi grouss Nimm Bach, Beethoven, Mozart a Co., datt ee sech ëmmer méi och op déi regional, vläicht manner bekannt Komponiste konzentréiert. Esou och d'Dirigentin an Cembalistin Kirstin Kares.

2016 grënnt d'Kirstin Kares den Ensembel Hof-Capelle Carlsruhe. Si geet an der Badischen Landesbibliothek Karlsruhe op d'Sich no Manuskripter vu Komponisten, déi um Haff vu Karlsruhe geschafft a gelieft hunn. Déi Nouten iwwerdréit si an eng modern Partitur a bréngt se op d'Bühn. En éischt Resultat war e Concert mat Geiesonaten am Summer 2017. Elo huet d'Kirstin Kares mat hirer Formatioun eng éischt CD publizéiert.

Miniatur-Operen

Beim Titel "Molters Miniatur-Opern" gëtt d'Fantasie aktivéiert. Wat si Miniatur-Operen? Einfach nëmmen eng méi eng kuerz Oper mat enger reduzéierter Besetzung? Vläicht awer och eng Oper op enger klenger Bühn mat kuerze Stécker? E Bléck an d'Programmheft enttäuscht: "Die erste wie auch die beiden anderen zu Herzen gehenden Cantaten dieser CD von Johann Melchior Molter sind eigentlich kleine Opernszenen." Et stinn also net wierklech Miniatur-Operen um Programm, mä kuerz Kantaten. Firwat also den Titel? Et kéint domadder zesummen hänken, datt weder d'Wierker, nach d'Komponisten engem breede Public bekannt sinn, an een dofir en Titel gebraucht huet, deen an d'A spréngt.

E spannende Programm

Och wann den éischte Bléck an d'Programmheft enttäuscht, iwwerzeegt dat, wat duerno kënnt ëmsou méi. Sämtlech Komponisten um Programm hunn an enger Zäitspan vun 90 Joer (1719-1809) um Karlsruher Haff gelieft a geschafft. Deelweis ware si gläichzäiteg engagéiert als Instrumentalist, als Konzertmeister oder och als Kapellmeister. Dacks ass ee Museker op den Haff komm, während deen aneren nach do geschafft huet an huet spéider deem seng Funktioun iwwerholl. Duerch de Programmopbau mat dëse Komponiste kritt een en Abléck an d'Museksliewe vum Karlsruher Haff vum 18. Joerhonnert.

Ze vill Fokus a liicht holpereg

D'Interpretatioune vun de Stécker si gutt gelongen. Se si beschwéngt, d'Sängerin iwwerzeegt och an deene méi schwéiere Passagen an et gëtt gutt differenzéiert. Allerdéngs ass de leschte Punkt och e Manko. De Fokus läit deelweis ze staark op der éischter Gei. Och wann d'Stécker zäitlech gesinn op der Grenz zu der Klassik leien, an där d'Melodie eng Haaptroll spillt, ass d'Musek méi am Barock verankert. An dëser Epoche sinn d'Stëmmen dacks gläichberechtegt, an et gëtt net just eng Stëmm, an där d'Melodie läit.

Dofir hätt een zemools an de Fugatoen déi eenzel Stëmme méi gläichberechtegt kéinten duerstellen a sech net esou op déi iewescht konzentréieren. Do dernieft setzt d'Hof-Capelle Carlsruhe op verschiddene Plazen Akzenter, andeems si zäitlech gesi kuerz stoe bleift. Doduerch klénge verschidde Passagen e bëssen holpereg.

Alles an allem ass et awer e gutt gelongenen Disk mat engem flotte Programm, deen eng Entdeckung wäert ass.

Méi zum Thema

Horizons
Klassik-CD vun der Woch

Den Duebel-CD "Horizons" beschreift eng Rees duerch dem Gabriel Fauré seng Kammermusek. Trotz der Ofwiesslung am 150-Minutte-Programm ass et de Museker gelongen e roude Fuedem duerch Stécker ze zéien.

OPL Mahler
Klassik-CD

De Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg iwwerzeegt mat enger excellenter an dynamescher Interpretatioun vun dësem fréie Wierk vum Gustav Mahler. Eenzege Bemol ass d'Qualitéit vun der Opnam.

Programm

Dossieren

  • Mënscherechter

    Den 10. Dezember 1948 sinn zu Paräis déi universell Mënscherechter deklaréiert ginn. Um 70. Joresdag vun dëser Deklaratioun steet de Programm vum radio 100,7 ganz am Zeeche vun de Mënscherechter.

  • Chamberwahlen 2018

    De 14. Oktober gëtt eng nei Chamber gewielt. De radio 100,7 bericht iwwer d'Kandidaten an d'Enjeue vun dëse Wahlen.

Communiquéen

  • Offre d'emploi: Directeur général (M/F)

    L'Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle, opérateur de la radio de service public radio 100,7, recherche un directeur général (m/f)

  • Communiqué du Conseil d’administration du 100,7

    Le Conseil a décidé de créer un comité de transition présidé par Mme Nancy Braun pour la période du 15/12/2018 jusqu'à l'entrée en fonction du nouveau Directeur (m/f). Mme Michèle Vallenthini est nommée suppléante.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen