Radioen

On air

Tockcity  |  Noah And The Loners - Crash Landing

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Architectural an danzbar

Moses Boyd - Dark Matter

Architectural an danzbar

Den Jazz an den Hip-Hop gi sech an de Stroosse vu Brixton zanter e puer Joer d'Hand. Aus dësem neie Melting Pot kënnt eisen Album vun der Woch. En Album mat Feier dohannert.

auto_stories

4 min

Shabaka and the Ancestors an The Comet is coming waren déi éischt Vertrieder vun enger neier Jazzzeen zu London, zwee Projeteen, déi vum 33-jährege Papp vun enger neier Jazz-Hip-Hop Crossover Well, dem Shabaka Hutchins, an d'Liewe geruff goufen.

Ee Grupp vu jonken Unistudenten zu London, ënner hinnen de Sänger Joe Armon-Jones an d'Saxofonistin Nubya Garcia, si séier matgezunn an opgefall. Gläichzäiteg gëtt de britteschen Hip-Hop ëmmer méi grimy, wéi den talentéierte Slowthai et a leschter Zäit bewisen huet. Eppes ass also um Kachen.

Museksgenrë vermëschen

Jazz Grime an Hip-Hop ze vermësche kléngt no engem interessante Rezept. Och musikalescht Tagebuch-Effekter à la King Krule oder Billie Eilish sinn eng nei Tendenz, déi heibäi passt: d'Welt afänke wéi se haut kléngt, d'Musek abetten an d'Klangkuliss vum Alldag - dat ass vläicht ee vun deene liewegsten Impulser vun der jonker Generatioun.

E Freideg koum déi zweet Plack vun engem jonke Londoner Jazzmuseker eraus, dee keng Loscht huet ze verstoppen, datt hie genee esou vill Zäit an de Londoner Boîtte wéi an den Jazzprouwe verbréngt. Säin Numm: Moses Boyd, seng Referenz, mat Mëtt zwanzeg scho gutt zéng Joer Erfarung als Jazzbatteur a Bandleader.

Dem Magasinn Uncut no hëlt säin Debut-Album "Dark Matter" déi Kläng, déi een zu London aus engem oppenen Taxi oder engem Jonke sengem Smartphone géif héieren a filtert se duerch d'Spillweise vu sengem Instrument. Als Batteur, dee gär Danze geet, setzt sech de Boyd domat ouni vill Effort an d'Weiderféierung vun Drum & Bass, vum Triphop a vum Grime. An dach kléngt seng Plack nach anescht wéi just deen Amalgam.

Vum Bandleader vu Blinker and Moses, vum Solodrummer op sengem Debut "Displaced Diaspora", gëtt hien um neien Disk zum elektronesche Producer, deen einfach just vill vu senge Beats selwer spillt. An et ass Feier dohannert.

Fir de Mixage huet iwwregens de Kieran Hebden alias Four Tet hei an do Hand mat ugepaakt, a fir d'Vocals hält sech de Boyd Hëllef nobäi, wéi zum Beispill beim Joe Armon-Jones, mee awer och méi wäit ewech, bei der südafrikanescher neo-kwaito-Sängerin Nonku Phiri zum Beispill.

Eng elegant gezunne Linn

Och fir grouss Hörner brauch de Boyd nëmmen e puer Kolleegen unzeruffen. Trotz der onwarscheinlecher Eklektik vun der Instrumentatioun an den Techniken, vu Session-Einlage bis Samples, hält "Dark Matter" eng elegant gezunne Linn. Staark Visioun weist schonn den Opener "Stranger than Fiction".

Iddien, déi an den 90er vun esou Producer wéi dem Brasilianer Amon Tobin ugeduecht goufen, ginn hei aus hirer Computerkëscht gerappt an an eng no, mënschlech Zukunft transponéiert. Dobäi steet hie flang an der Mëtt tëschent esou Philharmonie-fëllenden, salonfäege Museker wéi Kamasi Washington oder Nils Frahm, an dem radikal-urbane Flow vu Grime-Produzente wéi Stormzy oder Skepta.

D'Resultat ass wéi eng Fréijoersblumm tëschent zwou Trottoirsplacken an engem ellene Quartier mat Charme. An obwuel net gerappt gëtt op "Dark Matter" - op jiddwer Fall net mat der Stëmm - an der Batterie ass de Rap verkierpert. An deene beschte Passagë rappt de Boyd mat sengem Instrument an dréit d'Musek domadder komplett.

Urban Poesie

Fir d'Batteuren ënner Iech wäert dës Plack sécher eppes hunn, mee och Frënn vu contemporainem Jazz, Chill-Out-Elektronik, Soul an Drum'n Bass kënnen op hir Käschte kommen, genee wéi Frënn vun den Norweger Jaga Jazzist.

Déi urban Poesie, déi dobäi an all Song op d'mannst eemol entsteet, ass net ze vill zerebral, a manner watteg-dekadent wéi beim King Krule, dee jo mat enger Indie Gittar seng Alldaagssoundtracken zesummeschweesst. Dem Boyd seng Plack ass architectural an danzbar, an dofir passt si a ganz verschidde Kontexter, ouni friem oder kënschtlech ze erschéngen: d'Danzpist, d'Playlist fir beim Goen dobaussen, de Concertssall, eng Garageparty. Zimmlech ouni Attitüd, an zimmlech fräi.

A wann dës Plack och heiansdo erausfuerdert mat hire fir de Pop-Lauschterer laangwieregen Jazzfiguren: si belount an e puer vun deenen ustiechendste Rhythmen, déi a leschter Zäit erauskomm sinn.