Radioen

On air

Tockcity  |  Kids Return - Lovers War

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

Sample vun der Woch

Mulatu Astatke - Kasalefkut-Hulu

Dat do kennen ech dach, oder? Wien huet déi Melodie geklaut, wien huet dee Rhythmus nogespillt? De Bobby Bieles ass Sample-Detektiv an erzielt d'Geschichte vu Lidder, deenen hir Bestanddeeler ëmmer nees an neier Form re-inkarnéiert goufen.

auto_stories

2 min

De Mulatu Astatke ass e bunnbriechende Museker, deen 1945 an Ethiopie gebuer gouf. Hie war deen éischten afrikanesche Student, deen um amerikanesche Berklee College of Music diploméiert gouf. Nodeems hie säin Diplom an der Täsch hat, huet hie säi Wëssen zeréck an Ethiopie bruecht.

Hien erfënnt doropshin an de 60er en neien Mix, deen hien "Ethio Jazz" nennt. Et ass eng Mëschung tëschent Jazz, traditioneller ethiopescher Musek, latin Aflëss, karibeschem Reggae an Afro-Funk. Hien huet mat etlechen amerikaneschen an ethiopesche Kënschtler geschafft, woubäi dat meescht um ethiopesche Label "Amha Records" erauskoum.

Säi Lidd "Kasalefkut-Hulu" staamt vu sengem méi internationalen Album "Mulatu of Ethiopia". Et ass en instrumentalen Album, op deem de Mulatu meeschtens Vibraphon a Conga spillt. Den amerikaneschen Jazz ass däitlech an der Melancholie erauszehéieren, woubäi déi onreegelméisseg Rhythmen éischter heiansdo un traditionell afrikanesch Musek erënneren.

De Mulatu lieft nach ëmmer an hat Ufank 2000 nach eng Kéier richtege Succès mat Kompilatiounen a well seng Musek vu verschidde Kënschtler gesampelt gouf.

Eng vun den Gruppen, déi hie gesampelt huet, ass Freundeskreis mam Lidd "Pulsschlag". Dat war op hirem zweeten Album "Esperanto" vun 1999. Si hu Massive Töne an den Afrob aus dem FK Allstar Team drop agelueden.

Freundeskreis war eng vun de bekanntsten, wann net déi bekanntste Grupp vun däitschem Rap. Si ware renomméiert fir hir Musikalitéit a politeschen Engagement, dohier ass et kee Wonner, datt si op de Mulatu zeréckgegraff hunn. De Max Herre, DJ Friction an Don Philippe hunn d'Grupp 2007 opgeléist a sinn elo solo aktiv.

D'Grupp "La Cliqua" hunn de Mulatu och gesampelt fir hiert Lidd "Le Grand Bluff", ze fannen op hirem eenzegen offiziellen Album, deen och "La Cliqua" heescht. D'Grupp huet um Enn nach aus dem Rocca, Daddy Lord C a Kohndo bestanen, éier si sech no dësem Album getrennt hunn.

De Sample huet et souguer bis an Griichenland gepackt, hei mat der Grupp "Active Member" an hirem Lidd "I Remember" vun 1998. Si sinn eng vun den éischten a bekanntsten griichesche Rap-Gruppen a sinn nach ëmmer aktiv.