Radioen

On air

Resonanzen  |  Franz Xaver Scharwenka - Polish National Dances Nr.1, Op. 3 - François Xavier Poizat (Piano)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Musek ass déi bescht Selbsttherapie"

Pleasing

"Musek ass déi bescht Selbsttherapie"

Op "In The Mood For Super Dark Times" gëtt mental Gesondheet ouni Tabu ugeschwat. De Lëtzebuerger Museker Patrick Miranda alias Pleasing verschafft seng Depressioun op eng intim an haart Manéier.

auto_stories

2 min

Op der neier Plack deelt de Patrick Miranda eis seng eegen Intimitéit mat all den Ecken a Kante mat. Seng ënnerlech Welt, seng Depressioun textlech a musikalesch festzehalen wier eng Nécessitéit gewiescht. "De Prozess war interessant, schwéier natierlech, mee no deenen zwee Joer spiert et sech elo gutt un den Album vun uewen souzesoen ze betruechten, z'analyséieren an ze kucke wou een elo drun ass".

Um Album fléisst ee vun Aggressivitéit an Zerrassenheet op méi berouegend a meditativ Stëmmungen. Di extrem mental Schwéngungen déi eng Depressioun mat sech bréngt an der Musek ze spigelen wier e bewosste Choix gewiescht.

Beim lauschtere vun "In The Mood For Super Dark Times" soll eng Comfort-Zone entstoen. "Ech krut et hin, dass ech mech fräi fillen, ouni mech ze schummen, mech jugéiert ze fillen", esou de Patrick Miranda. Hien erhofft sech dass de Public dat ze spiere kritt, dass et ok ass säin eegen Wee ze goen. Mental Gesondheet wier nach ëmmer en Tabu Thema an der Gesellschaft. "Et ass schwéier driwwer ze schwätzen, seng eegen Experienz ze deelen, een ze verstoen deen an esou enger Situatioun ass". Musek wier dem Patrick Miranda no nach ëmmer eng vun de beschte Selbsttheraphien. An Zukunft gesäit hie sech op aner Konscht-Medien auszebreeden. "Ech kreéiere ganz gären eng visuell Identitéit a géing gäre méi mat mengem eegene Kierper eppes kreéieren, méi physesch ginn".

E Samschdeg de 16. Oktober feiert Pleasing d'Release vun "In The Mood For Super Dark Times" an de Rotonden.

Lauschtert dat ganzt Gespréich:

Lauschterenplay_arrow